De Bartrenger Kaméidi hat säin alleréischten Optrëtt am Hierscht 1974. Theater gespillt gouf scho méi laang zu Bartreng, mee e puer Leit aus dem deemolege Club des Jeunes wollten en Theaterclub mat eegene Statuten op d’Been setzen. De Jos Christen, éischte President vum Club, ass eis nach bis haut als Auteur vun Theaterstécker, Sketcher a Lidder erhale bliwwen.

Eis Akteure spille all Joer am Fréijoer Theater op der Bühn vum Centre Atert an am November Kabarä am Festsall vun der Museksschoul ARCA. Net nëmmen op der Bühn mee och hannert an nierwt der Bühn hu mir eis Leit déi bauen, schminken, d’Beliichtung man, … Och hannert dem Comptoir sinn ëmmer vill Leit gefrot, fir fir eise Spektateuren hiert Wuel ze suergen. Momentan zielt de Bartrenger Kaméidi 300 aktiv Memberen.

Niewt eisen eegenen Theater- a Kabaräsproduktiounen versiche mir och, eise Spectateuren regelméisseg flott Programmer vun namhaften Auteuren an Akteuren ze presentéieren. Sou war de Jemp Schuster beispillsweis schonn oft bei eis zu Bartreng. Mee och de Kanner wëlle mir eppes bidden. An deem Kader hate mer am Fréijoer 2010 den Agora-Theater mat engem ganz flotte Kannertheaterstéck engagéiert.

Mir freeën eis awer ëmmer iwwer nei Talenter déi zesummen mat eis duerch déck an dënn gin, awer virun allem mat eis wëlle Spaass hunn an hiert Kënnen op an nierwt der Bühn wëlle beweisen !

D’Grënnung

D’Grënnung vun eisem Theaterveräin war eppes ewéi eng Schwangerschaft déi iwwert d’Zäit gaang ass. Den 22. September 1972 hunn eng Rei vu jonke Leit sech zesummefonnt fir um Hunnefest „Den alen Hennes an der Huewer“, en 3-Akter vum Josy Christen, ze spillen. Do derniewt hunn am Club des Jeunes – zum Deel déi selwecht Leit – probéiert d’Interessi vun der Duerfjugend wakereg ze halen, doduerch datt se am Kader vum Club Interessegruppen geschaf hunn, haut géif ee vu Work Shop schwätzen, ënner anerem eng Theatergrupp. Dat huet och séier Wuerzele geschlo, mee scho virun enger éischter Opféierung gouf ee grousse Problem erkannt, an zwar d’Geld! Theateropféierunge kaschte Geld: fir Bühn, Geliichts, Droits d’Auteur, e Regisseur asw, ouni un eng Gage ze denken fir déi, di an 20 , 30 oder méi Prouwen missten d’Staang riicht halen. D’Aussiicht, datt bei engem Succès awer séier vill Geld an d’Keess komme kënnt, huet d’Fro opgeworf, ob de Club des Jeunes kënnt esouvill Geld fir e klenge Grupp vu senge Memberen investéieren a wéi di vill Suen vum eventuelle Succès de Memberen (all) zegutt kéimen? Déi Fro konnt fir de Club des Jeunes ni zefriddestellend beäntwert ginn an ’t gouf gesot: da grënne mer en Theaterclub! Dee selwechten Owend war och schon den Numm vum Kand gewosst! Dat eenzegt wat deemols um Spillplang stong, ware „Komödien“, oder „comédies“ , op gutt Lëtzebuergesch „Kaméidistécker“ an domat stong de „Bartrenger Kaméidi“ op feste Féiss. Den 19. September 1974 hat de Veräin Première mam 3-Akter vum Josy Christen „Sou kënnt een op den Hond“, an dat op der Bühn am Zelt vum Hunnefest.

Den 3. Mee 1975 waren di nächst Optrëtt, dat bei der Aweihung vum Schoul-, Sport- a Kulturkomplex, haut Polli genannt, wou de Kaméidi dann eng Rei vu Joere sollt seng Stammbühn hunn, éiert mer 1987 an Atert geplënnert sinn.

Presidentin
Josiane Schmit-Rauchs

Sekretärin
Veronique Rauen-Maas

Keesier
Diane Schwickerath-Simon

Memberen
Christine Hermes an Laurence Kieffer

48 Gedanken zu „De Veräin

  1. Pingback: slot88 online

  2. Pingback: dmt poeder kopen

  3. Pingback: gqgardens.com

  4. Pingback: High Voltage Extracts

  5. Pingback: nandrolon decanoat erfahrung

  6. Pingback: Racire adiabatica si mecanica

  7. Pingback: bonanza178

  8. Pingback: bonanza 178

  9. Pingback: sahabat kartu

  10. Pingback: rajabandarq

  11. Pingback: buy magic mushrooms online australia

  12. Pingback: นำเข้าสินค้าจากจีน

  13. Pingback: เพิ่มผู้ติดตาม

  14. Pingback: dried porcini mushroom woolworths

  15. Pingback: Over The Counter Pain Killers

  16. Pingback: บาคาร่า

  17. Pingback: Luxury Villa Phuket

  18. Pingback: qiuqiu99 slot

  19. Pingback: Hosting

  20. Pingback: buy weed online

  21. Pingback: ติดเน็ตบ้าน ais

  22. Pingback: find more info

  23. Pingback: รับทำ SEO

  24. Pingback: เว็บ คาสิโน เปิดใหม่ แจกเครดิตฟรี

  25. Pingback: หวย24

  26. Pingback: แทงบอล 1x2 คืออะไร

  27. Pingback: fryd pens

  28. Pingback: alpha88 thailand

  29. Pingback: alpha88 mobile

  30. Pingback: smoking cigarettes

  31. Pingback: sccy pistols

  32. Pingback: Christensen arms

  33. Pingback: รูปแบบการเดิมพัน QQKeno

  34. Pingback: togel sgp

  35. Pingback: betmw168

  36. Pingback: Hunter898 แจกเครดิตฟรี

  37. Pingback: สติ๊กเกอร์ติดสินค้า

  38. Pingback: nagaqq login

  39. Pingback: Skroten Angered

  40. Pingback: togel resmi

  41. Pingback: massage Bangko

  42. Pingback: Vape carts USA

  43. Pingback: Honda 2023 ราคา

  44. Pingback: เช่าเรือสปีดโบ๊ท,เช่าสปีดโบ๊ท เจ้าพระยา,เรือเช่าเหมาลํา เจ้าพระยา

  45. Pingback: thai massage school

  46. Pingback: บริการรถเฮี๊ยบตลอด 24 ชม.

  47. Pingback: โบรกเกอร์ Forex

  48. Pingback: bonanza178

Kommentare sind geschlossen.