Veräins-Chronik vum Bartrenger Kaméidi
Déi, di de Veräin gegrënnt hunn, haten deemols wuel alles am Kapp, awer et huet keen un de Chronist geduecht, soss hätten s’op d’mannst de Gebuertsdatum vum Veräin iergendwou notéiert.
‘t ass gewosst, datt Theater gespillt gouf, éiert de Veräin richteg gegrënnt war. ‘t kann een och dervun ausgoen, datt d’Statuten op der Gemeng ze deponéieren net den alleréischte Schrëtt war, ma déi éischt schrëftlech Notiz ass e Bréif vum 16. Januar 1975, un d’Gemeng, wou e Sall fir déi uerdentlech Generalversammlung vum 20.01.1975 ugefrot gëtt.
Schreiwfaul, et sief dann fir Rappellen….
Vun der offizieller Grënnungsversammlung hu mer kee Rapport an dat Ganzt ass och ouni vill Pabeierkrom gelaf, well et dauert bis de 27. November 1975 bis mer déi éischt schrëftlech Notiz aus dem Déliberatiounsbuch fannen. Dobäi waren d’Statuten awer schonn den 28. Mäerz 1975 duerch de Conseil gaang.
De richtege Gebuertsdatum muss awer ronn e Joer virdru gewiescht sinn, well am Christens Jos senger Opzielung ass den éischten Optrëtt als « Kaméidi » mam 19. September 1974 festgehalen. Do gëtt och net dru gerëselt, well mir schreiwe jo d’Geschichtsbicher net frësch.
Fest steet, datt d’Grënnung vum Club op eng Aarbechtsgrupp vum deemolege Club des Jeunes zréck geet. De CdJ wollt seng Aktivitéiten diversifizéieren, wéi een haut géif soen, an dobäi war eben eng Aarbechtsgrupp, déi sech mat Theater sollt beschäftegen.
Mir soutze beim Nicole am Buereck an der klenger Stiffchen hannert dem Café . ‘t gëtt keng Präsenzlëscht vun deemols, mä de Gros vum éischte Comité war sécher derbäi.
D’Geld huet awer schonn deemols eng wichteg Roll gespillt, well et war haaptsächlech de finanziellen Opwand – deen néideg ass fir esou en Theater op d’Been ze setzen – deen de Kader vun enger Aarbechtsgrupp gesprengt hätt, mee och d’Suerg, datt wann déi, di Theater spillen eemol Benefice géife man, op deen da ganz géif an der Keess vum CdJ verschwannen, déi zur Conclusioun gefouert hunn, datt wann een Theater wëllt spillen, da misst een en Theaterclub hunn ! Domat war de Frang gefall an d’Grënnung vum Bartrénger Kaméidi net méi opzehalen.
Wann dat éischt Stéck och « Esou kënnt een op den Hond » geheescht huet, dann huet deen Titel Gott sei Dank net op de Veräin ofgefierft, well mir hunn et jo ëmmerhi scho 25 Joer ausgehal ; och wann et oft nobäi war : richteg op den Hond komm si mer ni !
De 27. November ‘75 ass dann och decidéiert ginn d’Geld net méi an der Zigarekëscht ze versuergen, an et gouf e Kont beim CIAL opgemat. Déi aktiv Memberskaart huet ëmmerhi scho 50 Frang kascht an da koume jo och d’Sue vum Hunnefest 1974, och wa mer do hu missen e Rappel schreiwen.
Den 2.2.1976 gouf an der Generalversammlung eng Statutenännerung mat knapper Majoritéit verworf, mee de Comité gouf a senger Zesummesetzung bestätegt. Och un der Posteverdeelung gouf näischt geännert, de Jos Christen blouf Prësident, assistéiert vun Nic Even, de Bridder Guy a Rosch Geimer (Keess) a Marc Maas (Sekretär). D’Keesserevisoren Marc Christen a Sony Haas goufe bestätegt an d’Mounie Zimmer war den éischten Archivar.
Choucroute an Ahrburgunder…..
Wa gutt geschafft gouf, huet de Veräin et och ëmmer verstan seng Memberen ze belounen an esou war de 5. Mäerz 1976 eng Friess beim Nicki Schonkert, wou d’Leit Paschtéit oder Choucroute konnte wielen.
An deem Joer hu mer als Veräin och e Rekord opgestallt, deen, mat grousser Wahrscheinlechkeet, nach eng Rei vu Joere Bestand wäert hunn. Den 3-Akter, dee mir 1976 opleien haten, hu mir net manner ewéi a 4 weideren Dierfer ausserhalb vu Bartreng gespillt! An dobäi gläich op zwou Bühnen, wou mir an engem Dag gläich zwou Virstellunge ginn hunn ! – Bei engem vun deene stressegen Deeg goufen et awer kleng Problemer. Zu Garnech sollte mer tëschent der Matinee an der Owesvirstellung eng gutt Portioun Spaghetti kréien. D’Fra aus der Wiertschaft, wou mer am Festsall gespillt hunn, huet dun alt scho während dem 1.Akt ugefaang fir d’Waasser waarm ze man, well fir esou e Koup Nuddelen ze kachen kann e jo net am leschte Moment mat enger Kasseroll hantéieren. – Mee d’Haus war net geriicht fir Theatervirstellunge parallel mat Restauratioun lafen ze loossen. All Kéier, wann d’Fra an der Kichen d’Kachplack op volle Jus geschallt huet – iwwerdeems mir op der Bühn knapp honnert Biren an eiser selwergebautener « Flutlichtanlag » um Stroum hänken haten – dann ass d’Panzersicherung bei der Däiwel gefuer. Well mir weder am Däischtere konnten Theater spillen, a well d’Fra net konnt mam kale Waasser Nuddele kachen, hu mer eis no e puer vun deene peinleche Pannen gëeenegt, den Theater fäerdeg ze spillen an d’Iessen ebe mat Verspéidung, just virun der Owesvirstellung ze man. ‘t ass kengem schlecht bekomm, de Souffleur hat et sécher am mannste gutt geroden, well e gläich nom leschte Maufel de Mo an där enker Këscht gequëtscht krut.
Geschafft, dat heescht Theater gespillt, gouf sonner Zweifel an där Period vun eiser Veräinsgeschicht am meeschten. Enn vun de 70er Joeren waren 3 verschidden Optrëtt am Joer d’Regel, wat een och kann am Jos Christen senger chronologescher Opzielung vun eisem Theaterschaffen noliesen. Fir all eis Stécker hate mer ëmmer Leit vum Veräin op alle Plazen. Datt d’Posten gerecht verdeelt waren, geet aus deem Détail ervir, datt mer fir d’Participatioun un enger Soirée Culturelle mat 4 Sketcher derbäi waren an eis dofir 4 verschidde Régisseure geleescht hunn.
Op dëser Plaz wëlle mer awer net zevill op den Theater selwer agoen, mee eis op d’Entwécklung am Veräin an op d’Ëmgeréits konzentréieren.
1976 war d’Joer wou eng « équipe technique » an d’Liewe geruff ginn ass. Déi hunn dann och gläich ugerappt an ufanks 1977 – de Comité war grad erëm bestätegt ginn – ass mam Bau vun enger neier Bühn ugefaang ginn.
An deem Joer koum och fir d’éischt de club-interne Bulletin « Hanner dem Rido » eraus. Enn vum Joer huet et dun awer finanziell gekriselt an eng Loterie à tirage immédiat sollt d’Finanzen erëm an d’Gläichgewiicht bréngen. De 5. November war e Bal mat den « Oldtimers », deen och an där Optik organiséiert gouf.
D’Finanzen hunn sech erkritt an duerfir gouf de Comité och erëm bestätegt (8.2.1978) . Dat war och 1979 esou . D’Spuerbuch ass lues a lues gewuess an de Comité krut nees d’Vertrauen ausgesprach. Allerdéngs gouf et am Comité e Wiessel, de Prësident an de Sekretär hunn d’Plaze getosch. Mee di läscht Méint vum Exercice huet de Comité nëmme méi aus 4 Leit bestan, well den Nic Even aus perséinleche Grënn säi Mandat huet missen opginn. De Rol Brausch huet hien an der nächster Generalversammlung ersat.
Beim « Professer Kinkerlitzchen » sollt ee vun de männlechen Haaptduersteller am éischten Optrëtt vum 2.Akt seng eege Fra jalous man, andeems en als Fra aus engem ganz bestëmmte Milieu opgetrueden ass an doheem no sech selwer sollt froen. Esou wäit esou gudd. D’Sich no engem Rack a Schung fir en zolidde Maanskärel war net einfach, ma mir kruten alles zesummen. Wann deen Akteur awer e wujjeleche Vollbart huet, da kënnt d’Maquilleuse an d’Laberenten. ‘t gouf villes probéiert, ma kee Resultat konnt eis zefridde stellen. D’Léisung gouf fonnt, ma ‘t gong dem Akteur un de Pelz. An der Paus tëschent dem 1. an 2. Akt gouf de Vollbart einfach ewech raseiert. D’Iwwerraschung ass gegléckt, och wa mer dee Coup an der zweeter Virstellung net konnte widderhuelen. Ma déi Zäit war een nach Veräinsmënsch mat Läif a Séil a mat Haut an Hoer….
En Ausflug, dee sécher kee vergësst, deen derbäi war, huet äis an d’Ahrtal gefouert. Commentairen zu der Rees kann een hei op dëser Plaz keng man, et schwätzt ee jo net aus der Schoul. Et sollen awer nach Fotoen an Diaen aus där Zäit ginn, de Lieser vun dësen Zeilen huet villäicht eng Kéier d’Chance……
Vum eegene Miwwel bis zur « Ouverture »
Eng hallef Dose Mol stong en am Comité um Ordre du jour an et war och ni een dergéint ; awer d’Saach krut ni Stullgank. Ma 1980 gouf « de Schaf » endlech kaaft. E Schaf, dee joerelaang de Proufsall décoréiert huet. Rollebicher, Requisiten an eisen Äschebecher waren ëmmer fein a propper ënner dem Schlëssel an, net ze vergiessen, e Stouss vun e puer Dosen onglaséiert Tellere goufen do versuergt. Déi Telleren, en Don vun der Faïencerie, hu mer ënner anerem gebraucht, fir eng echt Sonorisatioun ze man, wann e Stéck dat verlaangt huet. Mat all deem wat an deem, Schaf war, war et natierlech onméiglech dat Stéck Miwwel ze réckelen, a wéi enges Dags eise Proufsall – wat zugläich de Filmsall vun der Primärschoul war – frësch ugestrach gouf, du krut de Schaf alt och eng Couche vun deem Lack mat an huet esou och weiderhin an den neien Décor gepasst.
Eng Rei vu Memberen hu lues a lues aus deene verschiddensten Ursaachen net méi kënne matman. D’Meedercher vun der éischter Stonn ware Mamm ginn an haten aner Prioritéiten ewéi den Eefalt op der Bühn erauszeloossen. Obschonn de Veräin op den Datum vum 1.1.1982 ronn 30 Aktiver gezielt huet, koume mir fir d’éischt an eiser Geschicht a personell Nout. En Trakt, deen an all Haus verdeelt gouf, sollt eis kéipweis nei Memberen bréngen, wat leider net de Fall war. Een eenzegen huet sech duerophi gemellt an dem Prësident seng Ried vun der Generalversammlung ass schon als « Grafried » gehandelt ginn. Am Bericht vun der Generalversammlung schreift de Sekretär « au point de vue activités – situation de coma ! » An dat bei Finanzen, déi an der Zwëschenzäit aussergewéinlech gutt waren.
De Guy Geimer gouf am Comité duerch den Ali Meyer ersat, den éischten Net-Bartrénger am Comité vum Kaméidi. Déi « ouverture » huet en Zeeche gesat. Eng zweet Aktioun fir Acteuren ze rekrutéiere war méi erfollegräich. Am Mee huet de Max Folschette sech gemellt a gläich 5 « Auswäerteger » matbruecht, déi all spille wollten.
En Doutgesoten steet mam Requiem erëm op
‘t gong erëm biergop. Vum Januar ’83 un hat den Nic Even erëm besser Zäit an huet- mat dem Neien – dem Max Folschette , de Comité verstäerkt.
No enger laanger Paus ass och erëm Theater gespillt gin. A wéi ! Beim « Requiem fir e Lompekréimer » hu mir emol erëm eng Kéier all Regestere gezunn. Eleng fir d’Bühnebild vum 2. Akt hate mer Miwwel vum Kauffmann Serra op de Brieder stoen fir 332.964 Frang – natiirlech « Foyer » verséchert – emol net ze rechnen, dat mer fir den 1. an 3. Akt eng Deux- Chevaux op d’Bühn bruecht haten. Net nëmme wéinst der Plaz, ma eleng scho wéinst dem Gewiicht war d’Iddi natiirlech éischter gesot ewéi gemat. Ma mir hun net laang dru gedoktert : D’Iddi war déi, datt de Jemp säi Fëschergeschir an den Auto dréit – awer am Stéck net huet misse fortfueren. Well een also vun der Deux-Chevaux nëmmen d’Mall huet misse gesinn, ass dat Stéck vum Auto duergaang, fir d’Bühnebild ze décoréieren. Also gouf eng Deux Chevaux an zwee geschnidden, an nëmmen dee liichten Deel huet missen op d’Bühn gehuewe ginn. Am Jemp séngem Virgäertchen huet een d’Mall vum Auto tëschent dem Getraisch gesinn, an et wier kee Spektateur op de Gedanke komm, datt di besser Hallschecht vun der Deux-Chevaux net am Theater war !
1984 war wuel déi bescht Saison, op d’mannst wat d’Publicitéit ubelaangt huet. Fir den « Don Camillo a Peppone » ass eng Campagne ouni Gläichen gelaf, eleng dräi Säiten am Télécran hunn och déi Leit den Don Camillo materliewe gelooss, déi keng Zäit hate, fir an den Theater ze kommen.
D’Generalversammlung vum 27. 3.1985 war immens gutt besicht. Ob dat eleng duerop zréckzeféiere war, datt et waarm Ham, Speckgromperen a Gaardebounen gi sinn ?…. Jiddefalls hunn d’Memberen net nëmme gutt giess, mee et war allgemengen Enthousiasmus ze verspieren (dee sécher och um Erfolleg vu ’84 geleeën huet) an den Opruff vum Comité sortant, fir d’Equipe op 7 Leit ze erweideren, huet Uklang fonnt. Prompt koum dann och mam Pol Scholler an dem Camille Capus di néideg Verstäerkung an de Comité. – Nei Leit, nei Iddien. Esou huet nieft dem Theaterliewen och d’Veräinsliewen neien Opschwong kritt a gouf ëm eng Rei Aktivitéite beräichert. Et huet allerdéngs eng Weilche gebraucht éiert d’Iddiën ëmgesat goufen, mee et war awer derwäert. En traditionellt Club-Fëschen huet vun 1986 u gutt 10 Joer gehal, éiert wéinst allzevill Wurrelen den Interessi nogelooss huet.
E Rallye fir d’Memberen a Frënn, um éischte Week-End, wann am September d’Schoul erëm un ass, hat och 1986 Première an huet et bis haut gepackt, a wa Gott wëll, kommen do nach en etlech Editiounen derbäi.
1986 war awer och e flotten Tour iwwert d’ « Elsässische Weinstrasse » an am Oktober ware mer derbäi, wéi « Atert » ageweit gouf.
Radikalkur
Wien héich klëmmt, dee fällt och héich erof, seet d’Sprachwuert. Esou gong et och dem Kaméidi, deen aus deem Héich 1987 näischt ze maache wosst. 1987 steet dann och keng Zeil an der Opzielung vun den Theaterstécker an och deen anere Bericht vum Veräinsliewe war méi wi moer. Datumsschwieregkeete mat der Réservatioun vun Atert hun hiren Deel derzou bäigedroen.
Esou hunn dann ugangs 1988 zwee Memberen de Comité verlooss an dee staarke Comité ass erëm wéi gewinnt zu fënnef weidergefuer, ma déi Theaterowender, déi fir den Hierscht programméiert waren, goufen nees eemol méi verluecht.
No 15 Joer un der Spëtzt vum Veräin huet den Duo J.Christen a M. Maas an de Fonctioune vu Prësident a Sekretär (1979 waren d’Rolle getosch ginn) sech auswiessele gelooss. Et war schon e radikale Schnëtt, well J.Christen, N. Even a P. Scholler ganz aus dem Comité ausgetruede sinn. Dee krut awer erëm 7 Leit an nieft deenen « alen » Brausch a Maas hunn A. Meyer, M. Manderscheid, G.De Jong, C.Capus a C. Wolter d’Heft an d’Hand geholl. De Claude Wolter gouf neie Prësident fir de Veräin an d’90er Joeren ze féieren.
Mat deem neie Prësident krut de Veräin dann och e Sponsor an et gouf eng éischt « Uniform », e flotten T-Shirt vun der « Luxembourgeoise », fir keen ze nennen.
En alen Theaterhues, dee scho ganz am Ufank derbäi war, konnt erëm aktivéiert ginn, de Marc Fonck huet zougesot, fir als Régisseur matzeman. Bis dohin huet de Comité jo laut Statuten mat all Stéck e Régisseur gesicht, vun elo un sollt ee Mann déi Roll dauerhaft iwwerhuelen.
Um touristesche Plang bleift den Ausflug an d’Bourgogne festzehalen, wou mer d’ »Route des Grands Crus » ënnert d’Lupp geholl hunn.
De Comité gouf 1990 bestätegt. Vun ’90 u war Bartréng jo och um Krautmaart vertrueden, an esou huet och d’Stéck geheescht, dat de Kaméidi dem neien Député-Maire Niki Bettendorf fir säin Amtsuntrëtt gespillt huet.
1990 war dann och gezeechent vu stonnelaangen Diskussiounen a säitelaange Pabeiere wéi d’Équipe technique kënnt besser funktionnéieren. Um Enn stong dann och eng laang Lëscht vun Techniker, déi sech di verschidden Aufgaben opgedeelt hunn.
De 4.3.1991 sinn dann och Tischlerplatten a Käffere geliwwert ginn, fir di nei Bühn ze realiséieren. Schwéier ewéi Bläi sinn déi Stécker, wann se mussen aus dem Keller erop op d’Bühn gehuewe ginn, ma si si stabil an nach haut am Gebrauch.
1991 ass de Comité erëm op 5 Leit zréckgeschrauft ginn, faute de combattants. C. Capus, G. De Jong a M. Maas hunn net méi matgemat, Ersatz fir déi dräi war d’Lony Fonck, wat d’Keess iwwerholl huet. Et konnt och kee Sekretär fonnt ginn, esou datt de Prësident déi duebel Charge gemat huet.
« Do méngs de, du misst » huet dat Stéck geheescht, dat sengem Numm dann och all Éier gemat huet. Wéinst engem plötzleche Krankheetsfall huet déi 2. Opféierung missten ausfalen a gouf 5 Woche méi spéit nogeholl.
E klenge Grupp huet den 20. an 21. Juli e flotten Ausflug zu Paräis erlieft. Vum Hotel Terminus Nord aus hu mer eis Expéditioune gestart, a well et nëmmen e klenge Grupp war, hu mer och ni ee verluer.
Am Dezember ’91 huet d’Post eis den ATR-Stempel zouerkannt.
1992 hu mer den traditionnellen Ausflug op Freudenstadt gemat. Am Super-Hotel « Birkenhof » hu mer dräi Deeg am « grand luxe » gelieft.
Aus zäitleche Grënn huet den A. Meyer 1993 net méi wëllen am Comité matschaffen, Ersatz gouf awer fonnt doduerch, datt d’J. Stieber a C. Hoffmann sech gemellt hunn. D’Josée Stieber huet de Prësident a senger duebeler Charge entlaascht, doduerch datt et d’Sekretariat iwwerholl huet.
E Fousstur huet ’93 den traditionellen Ausflug ersat. Fir bis op d’Giewelsmillen hu mer allerdéngs e Stéck mam Zuch gemat.
Den 20. Anniversaire huet säi Schiet scho viraus geworf an et gouf décidéiert e Pin’s an enger Oplag vun 1000 Stéck erauszeginn. De Pin’s war zwar nach ëmmer en Thema, mee dach huet den Interessi permanent ofgeholl an esou kënnt et datt och haut nach Amateuren dee Pin’s kënne bestellen. Iwwert de Präis loosse mer gäre mat eis diskutéieren.
Fir de Rescht ass den 20. Gebuertsdag awer am klenge Krees gefeiert ginn. Allerdéngs gouf nees e richtegen Ausflug organiséiert : D’Rees op de Bostalsee mat der Italienescher Fiesta, wou ënner anerem den Angelo Branduardi an den Toto Cotugno fir eis gesongen hunn, ass allen a beschter Erënnerung.
Fir 1995 hu mer endlech erëm 7 Leit fir de Comité fonnt. Nodeems d’M. Manderscheid net méi kandidéiert huet, war awer mam N. Bemtgen a M. Maas gläich Ersatz do.
Et war dat verflixt 7. Joer vum Woltesch Claude senger Prësidentschaft, wéi hien an der Mëtt vum Joer der Meenung war, seng Aarbecht géif net richteg honoréiert an hien huet d’Handduch gehäit. De M. Maas huet fir de Rescht vum Joer d’Prësidentschaft iwwerholl.
Säit Dezember 1996 présentéiert de Bartrénger Kaméidi sech mam neie Logo. Och do waren di éischt Versich scho viru méi ewéi 10 Joer lancéiert ginn, ouni datt de Veräin sech awer fir eng definitiv Léisung entscheed hätt. Deen neie Logo fënnt een haut natierlech net nëmmen um Bréifpabeier, op den Enveloppen an op de Memberskaarten, mee och op däer neier Uniform, déi am Oktober 1997 ugeschaaft gouf.
De 5. Februar 1998 huet den Armand Vesque sech bereet erkläert, dat schwéiert Amt vum Prësident unzehuelen. Ma och hien huet sech net laang an där Roll wuel gefillt an zënter dësem Joer gëtt de Veräin vum Marc Fonck geleet.
De Veräin huet an deene leschte 5 Joer esou vill Prësidente gebraucht ewéi virdrun an 20 Joer. Et wäert jo net schon d’Midlife Crisis sinn déi sech breet mecht. Wënsche mer dem Veräin fir di nächst 25 Joer erëm manner Presidenten an doduerch méi Kontinuitéit am Comité, an dat, net nëmmen, fir dem Chronist vun der Brochure vum 50. Anniversaire d’Aarbecht méi liicht ze man.
2. Deel: 1999 – 2024
Wann e Club säi Gebuertsdag feiert, ass dat ëmmer e flotte Moment fir zréckzekucke wat an all deene Jore gelaf ass. Fir de 50. vum Bartrenger Kaméidi maache mer dat natierlech och, mee dës Chronik soll awer net mam Gebuertsjoer ufänken, well mer beim 25. Anniversaire schonn eng Kéier ganz am Detail op di éischt Jore vum Veräinsliewe gekuckt hunn. Aus Plazgrënn kënne mer dat och hei net widderhuelen, mee den Intresséierte kann et awer gär op eisem Internetsite (www.kameidi.lu) noliesen.
De Programm vum 25-järege Bestoe gouf den 2. Mäerz 1999 mat engem Putty-Stein-Owend agelaut. Den 11. Mäerz war et dunn um Jemp Schuster mam „Jaddermunnes“ Theater fir Grouss a Kleng. Groussen Theaterowend mat enger Gaunercomédie „ De leschte Kreesch“ vum Jos Christen, ënnert der Regie vum Raym Lepine, den 12. a 14. Mäerz, an do waren 2 Leit am Asaz eenzeg an eleng fir d’Tombola!
Den 18. September hunn d’Memberen a Frënn sech op engem Rallye Surprise Pédestre ameséiert. Am Oktober hu mer Cabarä „Hoer an der Zopp“ a Schwalls gespillt. Fir den Anniversaire gouf eng flott Brochure am Graphic Press realiséiert, deemools zum Schnäppchenspräis vun 114.801 Frang. Am Jubiläumsjoer huet et dann och uerdentlech an der Keess gerabbelt an am Ofschlossbericht vun 2 Keessiären an deem Joer steet e fette Boni vun 72.392 Frang!
Wéinst „faute de candidatures“ konnt de Comité an der Generalversammlung vum 4.2.2000 net op déi néideg Mindestzuel vu Membere gewielt ginn an esou koum et den 9. Mäerz zu enger ausseruerdentlecher Generalversammlung mat der néideger Statutenännerung an duerno gouf et och en neie President. Ënnert der Presidence vum Nico Bemtgen huet en 3-Mann/Fra-Team d’Geschécker vum Veräin an d’Hand geholl, mee déi nei Féierung vum Veräin huet missen en Nout-Programm op d’Bee setzen, well déi geplangten Theateropféierung eleng schonn um Mangel u männlechen Acteure gescheitert ass. Déi intern Club-Zeitung „Hannert de Coulissen“ krut en neie Look, an an deem Joer gouf d’Date protégée fir d’Duerfveräiner agefouert. De Bartrenger Kaméidi stoung bei der Ovatioun fir den neie Konzell op de Brieder an huet an deem Joer déi éischt Mini-Play-Back-Show op d’Bee gesat. Vum 25. November bis den 2. Dezember ware beim Kabarä Schauwebuergereien 16 Acteure bei 5 Virstellungen op de Brieder.
No enger 2. Editioun vun der Mini-Play-Back Show am Mäerz hu mer den 20. an 22. Abrëll 2001 mat engem neien Auteur a Regisseur, dem Josy Braun „D’Kierchenauer vu Knousperdéng“ an Atert opgefouert. D’Belounung fir dee Succès war en Ausflug op Hamburg mat Musical. Et goufen nei Uniforme virun allem fir de Kabarä an am Hierscht hunn et bei de Schauwebuergereien misse 7 Virstellunge sinn, fir d’Spectateuren all ënnerdaach ze kréien.
Den 9. an 10. Mäerz 2002 goufen 2 méi kuerz Stécker opgefouert: „Spaghetti à la Mama“ an „de roude Soutien“, vun a mam Josy Braun. Den 19.4. war de Jemp Schuster mat „Häppi End“ op Besuch an et gouf och nees eng Mini-Play-Back-Show. Den Ausflug Enn Mee goung op Paräis wou e grujelege Souvenir bleift wéi de Veräin d’Keess geklaut kritt huet. Gläich 8 programméiert Virstellunge vun de Schauwebuergereien 2002 mat nees enger Dosen Acteuren.
De 26.1.2003 huet den UGDA-Kongress dem Kaméidi seng Aschreiwung bestätegt. Eng 2. Inzenéierung an der Veräinsgeschicht vum Josy Christen sengem „Don Camillo“ war den 28. an 30. Mäerz an Atert, wou mat de Statisten net manner ewéi 24 Acteuren op der Bün waren. D’Peffermillchen war am Mäerz mat „Gëlle Fra – Wëlle Mann“ op Besuch an um Bostalsee huet de Club e Weekend entspaant.
Fir den 30. Gebuertsdag vum Veräin, a gläichzäiteg fir déi 10. Oplag vun de Schauwebuergereien hu mer dann nees eng Schëpp dropgeluecht an et waren dës Kéier schonn 9 programméiert Virstellungen an eng 10. gouf bäigefléckt. Nëmme gutt datt kee gewuer ginn ass, datt bei all Virstellung eng Dose Leit méi ewéi di 65 erlaabten Zuschauer an d’Schauwebuerg eragequëtscht goufen.
Am Januar 2004 si mer mat de Schauwebuergereien vun 2003 op Kielen bei de Mosaïk invitéiert ginn, éiert mir den 20.3. „Mir stëmmen iech“, e Vir-Wal-Programm mam Josy Braun op d’Bün bruecht hunn.
Den Ausflug huet eis op Berlin gefouert, natierlech mat Theater am Programm an am November waren nees 15 Acteuren um Dill fir 9 mol Schauwebuergeien ze spillen.
Den 1.2. 2005 hu mir eng Kuerz-Versioun vun eisem Cabaret zu Kielen beim Mosaïk gespillt, ma dee Programm gouf och am Centre Culturel zu Altwies an am Juni nach eemol am Centre Culturel zu Sandweiler fir den 100. Gebuertsdag vun der Sandweiler Musek opgefouert. Den 1. an 2. Oktober ware mer am Festprogramm vun der Aweiung vun der Arca mat agebonnen. Bei de Schauwebuergereien am November war eemol méi séier ausverkaaft a mir hu virun der Dernière eng 10. Virstellung misse bäiflécken.
Uganks 2006 huet de Claude Hermes den Nico Bemtgen um Presidentestull ersat. No der Ur-Opféierung aus dem Joer 1992 gouf dem Jay Schiltz säi Stéck „SchäinHellegerOwend“ net méi opgefouert, ma de Bartrenger Kaméidi krut am Fréijoer (24. a 25 Mäerz) vill Luef fir seng Inzenéierung, net nëmme vum Auteur. Deemools, esou liese mer op der Präislëscht, huet d’Fläsch Béier an der Paus schonn 1,80 € kascht. A well dat alles esou flott war, konnte mer dat Stéck op Invitatioun vun der Kulturkommissioun e Mount drop zu Kielen nach eemol opféieren. Duerno war awer nees en Ausflug fälleg, awer net ouni Theater. Zu Stuttgart hu mer an engem Krimi-Dinner matgespillt. Et huet wuel nach Schauwebuergereien geheescht, ma d’Opféierung vun eisem Kabarä 2006 war an der neier ArcA. Am Dezember hu mer de Cabarä Roude Léif mat senge „Béierdeckelsgespréicher“ invitéiert.
Nom Wantersport mam Club am Januar 2007 um Feldberg am Schwarzwald ass awer gläich nees geprouft gi fir „Onheemlech“, e Krimi-Dinner vum Christiane Kremer, deen de 16. a 17. 3. an Atert opgefouert gouf. Hei hunn d’Spectateure virum Dessert misse soe ween de Mäerder war. Mee scho virun der Première war ausverkaaft a mir hunn de 15. Mäerz missen eng Virstellung virdru spillen.
D’Schauwebuergereien kruten noutgedrongen en neien Numm: „A propos Kaméidi“ housch et fir eng Rei Joren. Mam Ënnertitel „vu groussen a klenge Gangsteren“ ass eise Kabarä vum 16. November bis den 1. Dezember, 7 mol an der Arca iwwert di nei Bün gaang.
Am Februar 2008 gouf „Peffermillchen“ an d’ Arca invitéiert an am Mäerz huet den Duo Schuster/Urwald „Elauter fäi Jongen“ am Centre Atert opgefouert. 636 Leit waren um traditionelle Rendez-vous am Hierscht fir eis 7 Kabaräs-Virstellungen „A propos Kaméidi“ an d’Belounung fir d’Acteure war e Glühwäin um Chrëschtmaart zu Köln.
En neien Auteur an och Regisseur war fir eis de Fons Kontz, a mir hu mat sengem Krimi „Fro däi Brudder“ am Centre Atert – 20., 21. an 22. Mäerz 2009 e Stéck „voll englescher Hitchcockintrigen, franséischem Robert Thoma-Charme, preisescher Schimansky-Schéissereien a lëtzebuerger Kachkéis-Erotik“, esou den Auteur, op d’Bün bruecht. Vum 13. bis den 22. November nach eemol „A propos Kaméidi“ Kabarä an der Arca.
No der Generalversammlung Uganks 2010, wou de Comité mol erëm bis op 6 Memberen opgestockt gouf, huet d’Josiane Schmit-Rauchs d’Presidence vum Claude Hermes iwwerholl an op deem Stull sollt sech an deene 15 Joer duerno mol näischt änneren. „De Bop“, e weidert Stéck vun a mam Fons Kontz, hu mer an Atert (12. an 13. Mäerz) an duerno och nach am Kader vum Theaterfestival zu Habscht (26.3.) opgefouert. Bei engem flotte Spektakel zesumme mat der Bartrenger Musek, dem Just Music an der Chorale Amitié op der Duerfplaz „Bei den Hunnen“ huet de Kaméidi gäre matgemaach.
E variéierte Programm vu Musical a Madame Tussaud war d’Belounung fir eis Memberen um Ausflug op London. Bei de 5 Virstellunge vum Kabarä „Josy Christen Cocktail“ an der ArcA, ass am November de Regisseur Fons Kontz och als Acteur mat op d’Bün gaang.
Mat „Attention, chantier en cours“ mam Eugénie Anselin an der ArcA gouf d’Joer 2011 agelaut, mee Uganks Abrëll stounge mer nees selwer op de Brieder fir „Mort Subite“ vum Christiane Kremer, e „gastromäerdereschen“ Krimi-Owend an Atert.
De Weekend zu Maastricht, sou liese mer am Keesebericht, huet de Veräi 5.984,70 € kascht.
Den 11.11.11. dann eng „Grouss Kapesëtzung“ am Centre Atert vum Kaméidi, zesumme mat den Neiduerfer Brandstëfter, der Theater-Equipe Habscht, den Theaterfrënn Beefort, der Amiperas Bartreng, dem Alain Clair (Claude François Imitator) an dem Zauberer Alain Hurtado. – Op Invitatioun: „Nebensache“ dem Agora-Theater Sankt Vith säi Stéck an der Arca fir Kanner an Erwuessener vu 6 Joer un.
Gläich 2 mol hate mer de Cabarenert den 28.2. an 9.3. 2012 bei eis op Besuch mee an déi Zäit fält och den 1. Spuedestéch fir eis Internetsäit. De 16. a 17. Mäerz spille mer „Déi bescht Medezin“ ënnert der Regie vum Fons Kontz – Am Oktober dann emol erëm e klengen Tour an d’Ausland: 3 Deeg Tréier – awer net ouni Theater mat ze spille bei engem Krimi-Dinner! Um traditionelle Weekend am November goufen et 6 Virstellungen an der Arca vun eisem Kabarä „Duerfgespréich“.
Mat flotte T-Shirt nei agekleet, gouf de Jemp Schuster mat sengem Programm „et geet elo duer“ empfaang. D’Stéck „Verlugene Pak“ vum Guy Geimer huet de Claude Stephany fir den 8.,9. an 10. Mäerz 2013 an Atert inzenéiert.
Schonn an der Woch duerno war den éischte B(r)ouillonsowend ….., haut géif ee soen e Brain Storming, fir eise Kabarä am Hierscht. Déi Owender fir Memberen an haaptsächlech fir d’Auteure vun eise Kabarässtécker sinn haut nach ëmmer um Ordre du Jour. An all deene Joren si mer dacks zesummen an d’Revue gefuer, ma och soss hu mer vill Stécker auswäerts zesumme gekuckt, besonnesch wann eiser Leit matgespillt hunn, wéi z.B. de 25. Abrëll an der Abtei Neimënster bei „Stol a Goss“ .
Zu Gonschte vum Pimpampel koum de Roland Meyer mat „Zickelalarm“ op Bartreng. Vum 27. -29. September war eisen Ausflug op Hamburg, …. a bei der Landung hu mer äis gewonnert, datt trotz fiichtem Wieder „d’Frisur souz“!
Am November hate mer 5 Deeg Kabarä „Wat en Zirkus“, deen ëmmerhi 531 Leit gesinn hunn!
Wat scho bei der Mini-Play-Back-Show am Hannerkapp war, dat war „eppes mat de Kanner“ z’organiséiere fir den Nowuess ze soignéieren. Den 2.7. war den éischte Casting mat 15 Kanner ….. an dat war dann och de Startschoss fir eng Serie vu Kannermusicals, déi bis haut unhält. Di éischt Produktioun war „Kee Blutt fir de Grof Brokkoli“. Eis Kanner-Musical ginn hei an der Brochure an engem separaten Artikel beschriwwen.
Op Invitatioun war de Cabarenert am Februar an der Arca a vum 28. bis 30. Mäerz 2014 hu mir „Puren Zoufall“ ënnert der Regie vum Nadine Everling opgefouert. De 4. a 5. Abrëll waren J. Schuster, M. Turpel an de Pianist G. Urwald mat hirem Programm „Recto Verso“ um Dill.
„Mit Leib und Seele auf der Bühne“ huet d’Wort de 7. Oktober getitelt, wéi de Kaméidi seng 40 Joer gefeiert huet.
An der Arca hunn iwwer 20 Kanner den „Tarta Ruga“ gesongen a gespillt. Di „Grouss“ hunn déi Wochen duerno hiren traditionelle Kabarä gespillt, dës Kéier ënnert dem Motto „Alles Schantjen“ fir d’Bauaarbechte vum Shared Space op d’Schëpp ze huelen.
Den 19., 20. an 21. Mäerz 2015 war nees e Krimi-Dinner um Programm. „Mord op Ordonnance“ vum Christiane Kremer an d’Josée Thillmany huet Regie gefouert. Mee de Mord ass net an Atert geschitt, d’Bün war an der Scheier vum Gréiwelshaff. Dee Béisen huet tëscht der Brittzopp an dem Prince Orloff zougeschloen, ma et huet bis zum Dessert gedauert éiert de Mäerder fonnt gouf. Dat selwecht Stéck, awer mat engem anere Menu, kruten d’Leit vu Sandweiler eng Woch drop zerwéiert.
„Oro“ war den 2. Musical mat deem eisen Nowuess an der Arca nees op de Brieder stoung. „Alles Rosa“ war de Motto vum Kabarä am November wou mer de Publikum an 3 Owender ënnerdaach kruten.
„14 Deeg Luxus“ am 5 Stären-Hotel an Atert war eist Koméidistéck am Fréijoer 2016 an am Hierscht de Kanner-Musical „Kamellen“ nees an der Arca, wou déi Woch drop „geblëtzt“ gouf beim Kabarä „ Eemol laache wanschgelift“.
Am Zeeche vum Télévie stoung de 24. bis 26. Mäerz 2017 eist Theaterstéck „Alles gestrach“ an Atert mat gutt 250 Leit. Nei bei eis an der Regie: d’Josée Thillmany. Nei war och eis Ouschtereeërsich fir Kanner op der Duerfwiss.
Den 18. Juli war mol erëm eng ausseruerdentlech Generalversammlung; net wéinst Problemer, mee just fir d’Stauten op de Leescht ze huelen, a vun do u leeft de Veräi ganz offiziell als a.s.b.l.
D’Lidd „Schéin ass et am Gemengerot“ war eise Bäitrag bei der Ovatioun vum neie Gemengerot, éiert et un de Musical Kalabati gaang ass, dee méi wéi 700 Leit an d’Arca gelackelt hat. „Let’s Make It Fluppen“, ganz am Zeeche vum Nation Branding, war dann den Titel vum Cabarä am deem Joer a mir krute gutt 500 Spectateuren an d’Arca. En Erzielowend mat Fraegeschichten aus der ganzer Welt, „Weibereien“ mam Betsy Dentzer plus musikalesch Begleedung huet dat Joer ofgeschloss.
Vum 9. bis den 11. Mäerz 2018 hu mer eise Publikum mam „plakege Fënsterbotzer“ ameséiert. Groussen Erfolleg am November nees fir de Kanner-Musical „Alby Airlines“, wou d’Bünebauer awer mat der Rakéitentechnik un hir Grenze gestouss sinn. Vill manner Opwand war déi Woch drop beim Kabarä „Bekenn Faarf“ gefrot.
D’Regie vu bal alle Kabaräs-Programmer an en etlechen Theaterstécker gouf vun Aktiven aus dem Club gefouert, esouwäit wéi hei net e Regisseur genannt ass. Dat waren an deene leschte 25 Joer de Marc Fonck, Nico Bemtgen, Marc Maas, Claude Hermes, Josiane Schmit, Claude Stephany, Christine Hermes.
Gläich am Ufank vum Joer 2019 hu Mady Durer, Monique Melsen a Marcel Heintz mat „Endlech Alaska“ vum J. Schiltz iwwerzeegt, éiert mer am Mäerz „Stress am Schampes-Express“ haten. E flotte Spektakel am Zuch op der Bün, ënnert der Regie vum Guy Geimer.
Déi éischt Actricen, déi aus eisem Kanner-Musical erausgewuess waren, hunn am „Fluch a Flilleken“ d’Drogeproblematik an de Mëttelpunkt gesat. E Stéck fir Jonker a mat Jonken, wat awer leider weder genuch jonk, nach genuch eeler Zuschauer bruecht huet.
„Autopsy“ e Séilestriptease vum Jemp Schuster, gespillt vum Michèle Turpel huet an der Arca d’ Leit iwwerzeegt. – Nom Trainingslager op der Schi-Pist zu Neuss war de Kaméidi erëm fit fir den nächste Musical „Tënteninsel“ a fir säi Kabaräs-Programm „den Dag dono…“
„E Mann gëtt geckeg“, nees en Theaterstéck vum Roby Zenner, ënnert der Regie vum Guy Geimer war fir den 20. bis 22. Mäerz 2020 an Atert ugesot an d’Prouwe ware gutt amgaang …. mee du koum Corona …….. an alles gouf ofgesot!
Lues a lues huet d’Welt sech erëm erholl an eréischt nom Ausflug op Bréissel hu mer eis am Hierscht 2021 getraut eng Stonn Kabarä-Come-Back z’organiséieren: „3G – Gegrinst, Gelaacht, Gegröölt“ housch de Mini-Programm a mir hunn nëmmen 10 € Entrée gefrot.
E kuerzen Optrëtt 2022 bei der Ovatioun fir en Deel vum neie Conseil, wou e Polit-Karussell gedréint huet. Dat Karussell gouf fir de Kabarä am Hierscht dann ausgebaut an „et dréint op der Duerfwiss“. Déi Woch virdrun awer schonn traditionell, eise Musical „Kumba Mali“ fir déi Jéngst. Op eisem Ausflug si mer zesummen Döschevo duerch Lille gefuer.
Wéi vill Veräiner hat och de Kaméidi 2023 seng Méi fir no der Pandemie erëm an den ale Rhythmus ze fannen. Et war jo esou kamoud ginn, ouni Prouwen a virum 50. Gebuertsdag war de Kaméidi nach ëmmer net erëm „deen Alen“. Mat Liesunge vum Marc Weydert a Lëtzebuerger Lidder, gesonge vun enger gudder Hand voll Acteure vum Kaméidi koum de Programm „Verdruddeltes an Zerknujeltes“ zustanen. Mat Lëtzebuerger Spezialitéiten ewéi Bouneschlupp, Kniddelen, Wäinzoossiss a Quetschentaart konnte mer awer en Deel vun eisem Publikum zréck gewannen an der Scheier um Gréiwelshaff an och an enger 2. Editioun zu Contern.
Esouwäit d’Opzielunge vun eise Produktiounen, Aktivitéiten an Invitatiounen. De Gros ass derbäi, mee et ass sécher net komplett. Hei an do feelt emol e klengen Optrëtt oder eng Invitatioun, well s’et einfach net bis an de Classeur vum Archiv gepackt hunn oder mat ale Requisiten an de Recycling gefouert goufen.
Schonn um Enn vum Joer bis an dëst Jubiläumsjoer 2024 eran, hunn déi Responsabel sech mat engem Organisatiounscomité verstäerkt fir d’Feierlechkeete vum 50. z’organiséieren. Hei an der Brochure fënnt een dann och den detailléierte Programm vum Anniversaire a wat esou gebuede gëtt a mat deenen Highlights wäert dann 2049 d’Chronik fir de 75. Gebuertsdag ufänken.