- Diese event hat bereits stattgefunden.
Theater 2019: Schampes-Express
29/03/2019 - 01/04/2019
Am “Schampes-Express”, en Zuch vun enger privater Eisebunnsgesellschaft vu Lëtzebuerg op Wien, iwwerfält eng Koppel de Bord-Bistro kuerz virum virleschten Arrêt, fir do mam Goss ze verschwannen.
Wann dann awer d’Eisebunn sech bei de Voyageuren entschëllegt, well wéinst technesche Problemer grad dee virleschten Arrêt muss suppriméiert ginn, da sëtzt ee mam geklaute Geld am Zuch ewéi en engem Prisong…, an di lescht Kilometere bis op d’Destinatioun kréien eng aner Form ewéi vun der Raiberkoppel programméiert, kuerz, do geet et drënner an driwwer!
De Kaméidi spillt dëst Stéck vum Roby Zenner ënnert der Regie vum Guy Geimer.
Freideg, 29. Mäerz 2019: 20.00 Auer. |
Samschdeg, 30. Mäerz 2019 :20.00 Auer. |
Sonndeg, 31. Mäerz 2019 :17.00 Auer. |