
Kannermusical 2025: Casino
13 November @ 16:00 - 16 November @ 20:00
De Professer Pollux spillt am Casino zu Monte Carlo Roulette.
Säi Kueb Castor langweilt sech an hënnert de Professer Pollux drun, och nach Mensch-ärgeredich-nicht ze spillen, well hien heemlech déi 6 Punkte vum Wierfel klaut.
De Professer beschwéiert sech bei der Direktesch, der Madame Picsou, mee déi weess hirer Hänn kee Rot a schéckt den Domino op d’Sich vun deene sechs Punkten.
Wärend där Zäit sinn de Kommissär Jimmy Schnoffler a säin Assistent Camille Driipsert och zu Monaco ënnerwee.
Well si iwwersinn eng eeler Damm, déi iwwert d’Strooss wollt goen, iwwersinn, gi si vun enger Gendarmette gestoppt a verléiere sechs Punkten op dem Fürerschäin.
Den Domino sicht an der Tëschenzäit weider verzweifelt no deene sechs Punkte vum Wierfel.
Op eemol gesäit hien zwee Himmelsdéiercher.
Ob dat d’Léisung fir säi Problem ass?
Firwat de Jimmy an de Camille sech lo op d’Sich nom Domino musse maachen, wéi eng Kaarteléiesch hinnen dobäi soll hëllefen a wat de Kueb Castor mat deem Ganzen ze dinn huet, dat verrode mer iech alles an eisem neie Kannermusical.
Gespillt gëtt an der ARCA zu Bartreng
donneschdes, de 13.11.2025 um 16:00
freides, de 14.11.2025 um 19:00
samsdes, de 15.11.2025 um 16:00 an um 19:00
sonndes, de 16.11.2025 um 10:30 an um 15:00
donneschdes, de 13.11.2025 um 16:00
freides, de 14.11.2025 um 19:00
samsdes, de 15.11.2025 um 16:00 an um 19:00
sonndes, de 16.11.2025 um 10:30 an um 15:00
Et spillen: Noa CARVALHO, Alice CHRISTOPHORY, Emilia CLOOS, Chloé CORDONNIER, Jill CORDONNIER, Alicia DESCHUYTENEER, Martin DESCHUYTENEER, Yuna FISCHBACH, Sienna FLAMMANG-LIES, Lena HOFFMANN, ou HOFFMANN, Jan KRIER, Louisa PAETZLER, Yanis PIRSCH, Lis RAUEN, Léa RECKEL, Julien RECKEL, Victoria SOMESAN, Charline THOMMÉ, Juno WILTGEN
Text: Liane Nimax
Musek a Musekregie: Max Fischbach
Regie: Christine Hermes a Josiane Schmit
Choreographie: Caroline Flammang
Schmink: Maryse Lucius
Musek a Musekregie: Max Fischbach
Regie: Christine Hermes a Josiane Schmit
Choreographie: Caroline Flammang
Schmink: Maryse Lucius
PRÄISSER
8€ fir Kanner ab 3 Joer
15€ fir Erwuessener
8€ fir Kanner ab 3 Joer
15€ fir Erwuessener