
- This event has passed.
Kannermusical 2023: Menhir
16/11/2023 @ 16:00 - 19/11/2023 @ 19:00
E Kannermusical vum Liane Nimax a Max Fischbach, gespillt vum Kannerensemble vum Bartrenger Kaméidi.
D’Schnéiwittchen wunnt net méi mat sengem Prënz um Schlass, mee ass nees zeréck bei déi 7 Zwerge komm. Obwuel si gutt op hatt oppassen, geléngt et dem Schotty, hatt mat senger Melodie um Duddelsak ze verzauberen a bei den Hexemeeschter Ami Sabi ze lackelen. Den Ami Sabi huet scho 6 Märerchersfiguren, ënnert anerem d’Rabonzel an den Ali Baba, a Menhire verwandelt.
Den Ami Sabi wëll deen Eenzege sinn, deen nach an de Märerchersbicher steet an dofir verstengert hien d’Märerchersfiguren mat engem Elixir, deen de Professor Pollux entdeckt huet, a fir deen dëse souguer den Nobelpräis krut. Den Ami Sabi verréit eis awer e Geheimnis: Eleng de bloe Geescht kann déi Menhiren erëm a Mënsche verwandelen.
Déi 7 Zwerge renne bei de Kommissär Jimmy Schnoffler a säin Assistent Camille Driipsert vu Gonnereng, fir si ëm Hëllef ze froen. Well de Chef vun der Gonnerenger Musek mengt, datt déi 7 Zwergen en Duddelsak héieren hätten, verléieren de Jimmy an de Camille keng Zäit a maache sech op de Wee a Schottland.
Wat do alles geschitt, wee schlussendlech de bloe Geescht ass an ob d’Schnéiwittchen an all déi aner kënnen erléist ginn, dat wëlle mer iech elo hei nach net verroden.
GESPILLT GËTT:
Donneschdes, de 16. NOVEMBER 2023 >> 16.00 Auer
Freides, de 17. NOVEMBER 2023 >> 19.00 Auer
Samschdes, de 18. NOVEMBER 2023 >> 16.00 Auer an 19.00 Auer
Sonndes, de 19. NOVEMBER 2023 >> 10.30 Auer an 15 Auer