- Diese event hat bereits stattgefunden.
Kannermusical 2019: Tënteninsel
14/11/2019 @ 17:00 - 17/11/2019 @ 16:00
D’Prinzessin Bigudi vum Schlass Lënster huet de Wand verwënscht, well hien hir wonnerschéi Paréck vun hirem Kapp gerappt huet. De Wand huet dunn op der ganzer Äerd opgehale mat Blosen.
Katastrof!! D’Wandmillen dréie net méi, d’Kleeder vun der Vulleschäich wibbelen net méi fir d’Spatzen ze verdreiwen, d’Seegelschëffer kommen net méi vun der Plaz.
Mee et gëtt eng Léisung. D’Prinzessin Bigudi huet nämlech heemlech op en Ziedel geschriwwen, wat muss an Erfëllung goen, fir de Wand vu sengem Fluch ze erléisen. Awer, wou ass deen Ziedel?
Natierlech mussen do déi 2 Kommissäre vun der Police vu Gonnereng, de Jimmy Schnoffler an de Camille Driipsert, erbäi, fir sech op d’Sich vun deem Ziedel ze maachen.
Eng net ongeféierlech Rees féiert si bis op d’Tënteninsel. Wat si do alles erliewen, an op de Wand erëm ufänkt mat blosen, dat wëlle mer elo nach net verroden…
GESPILLT GËTT:
Donneschdes, de 14. NOVEMBER >> 16.00 Auer
Freides, de 15. NOVEMBER >> 19.00 Auer
Samsdes, de 16. NOVEMBER >> 15.00 Auer >> 18.00 Auer
Sonndes, de 17. NOVEMBER >> 10.30 Auer >> 15 Auer
ET SPILLE MAT :
LÉA CRUCHTEN, CHLOÉ DI MILLO, JONAH FLAMMANG, MATHILDA FLAMMANG, INA FLAMMANG, LÉO FRANTZ, KIMIA LECLERCQ, NOÉMIE MOLLING, LOU RAUEN, LENA SCHIRTZ, LOIC SCHMIT, MAEVA SCHMIT, MATHIS SABOURI, SOPHIA SABOURI, GABRIEL SOMESAN, VICTORIA SOMESAN, LENA STEGMANN, LENI THIELEN, CATHERINE THILL, ELOISE TWIMUMU, YANNICE WAGENER
TEXT : LIANE NIMAX
MUSIK A MUSIKREGIE : MAX FISCHBACH
REGIE : CHRISTINE HERMES, DIANE RAUCHS, JOSIANE SCHMIT
CHORÉOGRAPHIE : CAROLINE FLAMMANG
PRÄISSER: 8 Euro fir Kanner ab 3 Joer an 13 Euro fir Erwuessener
WOU? Zu Bartreng an der ARCA
(Falls der hei um Site net reservéiren kënnt, klickt hei)