
Kabarä 2025: Costa Kaméidi
Dem Kapitän säi Wuert
Dëst Joer geet de Bartrenger Kaméidi op eng grouss Rees. Dëst war awer och batter néideg no deem ustrengende leschte Joer.
De Kapitän vun der Costa Kaméidi luet iech an, fir zesumme mat senger Ekipp ze verreesen.
Reservéiert séier är Kabinn a sidd mat derbäi!
Owendprogramm
Fir wee gëtt et e Rettungsreef am Fall vun enger Kris?
Ween dierf sech nach an de VIP-Beräich woen?
Kann ech mech nach an der Sauna weise loossen?
Wéi ass de Wifi-Code? A wéi kommen ech vun hei fort?
Kann ech hei ofschalten? Oder géif ech awer am léifsten deen een oder aneren iwwer Bord geheien?
Wat geschitt bei engem Reegelverstouss a wéi heescht de Kapitän?
Elauter wichteg Froen, déi op eiser Rees beäntwert ginn… oder awer net?
Är Crew um Schëff
Regie vum Frank LEONARDY
Musekregie vum Caroline MEDERNACH
um Piano de Jeff SCHMIDT
Et spillen: Christine HERMES, Claude HERMES, Lynn KRAUS, Anne KRUCHTEN, Marc MAAS, Claude RALINGER, Lou RAUEN, Josiane SCHMIT, Nadine SCHMIT, Frank STAMMEL, Gudula SZUWART
Gespillt gëtt an der ARCA zu Bartreng
freides, den 21.11.25 um 20:00h
samsdes, den 22.11.25 um 20:00h