- This event has passed.
50 Joer Kaméidi: Kannermusical “Arama Tulipa”
4 May @ 16:00 - 5 May @ 12:00
E Kannermusical am Kader vum 50 Anniversaire vum Liane Nimax a Max Fischbach, gespillt vum Kannerensemble vum Bartrenger Kaméidi.
GESPILLT GËTT:
Samschdes, de 04. MEE 2024 >> 16.00 Auer
Samschdes, de 04. MEE 2024 >> 19.00 Auer
Sonndes, de 05. MEE 2024 >> 10.30 Auer
Zu Istanbul regéiert de Sultan Abdul. Seng Fra, d’Sultanin Nuri an
hien hunn eng Duechter, d’Prinzessin Aylin. Trotz allem Räichtum ass
d’Prinzessin Aylin ëmmer traureg an hält net op mat kräischen, De Sultan
Abdul, rifft a senger Verzweiflung säi Geléierte Mustafa erbäi.
Dee soll a sengem décke Buch vun der Akasha kucken, datt d’Aylin
endlech soll ophale mat kräischen. De Mustafa fënnt dann eraus, datt et
nëmmen eng Léisung gëtt an dat ass d’Wonnerblumm TULIPA.
De Sultan Abdul entdeckt tatsächlech op deem grousse Bazar zu Istanbul
d’Knoll vun där Wonnerblumm. Wéi hien d’TULIPA wëll mat an de Palast
huelen, klaut de Clus vun Haarlem d’Wonnerblumm a verschwënnt
dermat an Holland. An esou kënnt et zu där geféierlecher Sichaktioun:
ARAMA TULIPA. Dës Sichaktioun gëtt natierlech geleet vun eisen zwee
Kommissäre vu Gonnereng: dem Jimmy Schnoffler an dem Camille
Driipsert…
De Kannerensembel vum Bartrenger Kaméidi presentéiert iech eng
Kuerzversioun vu sengem dësjärege Musical. Loosst iech d’Geschicht
vun der Wonnerblumm Tulipa vum Jimmy a vum Camille erzielen an iech
vum Rescht vum Ensembel vun hirem Gesang an Danz iwwerzeegen.