
- This event has passed.
50 Joer Kaméidi: Déifferdenger Theater „A geheimer Missioun“
11/05/2024 @ 20:00 - 12/05/2024 @ 20:00
Den Déifferdenger Theater spillt „A geheimer Missioun“
GESPILLT GËTT:
Samschdes, de 11. MEE 2024 >> 20.00 Auer
Sonndes, de 12. MEE 2024 >> 18.00 Auer
Den amerikanesche Botschafter Harry wunnt mat sénger Fra Eliane a sénger Duechter Debbie op séngem Landhaus bei London. Allen dräi ginn se unn, de Weekend nët doheem zesinn. Den Harry geet a Schottland Golf spillen, séng Fra an eng Beauty Farm a séng Duechter eng Frëndinn besichen. Soen se moll…. Well allen Dräi, hu se wëlles um Landsëtz ze bleiwen an d’Geleenheet auszenotzen fir romantesch Aventuren a Phantasien auszeliewen. Den Harry mat der Nopesch Marion, d’Debbie mat séngem Kolleg Yves an d’Eliane mat…. ? Deen eenzegen deen ageweit ass..De Butler Perkins! All hoffen se ob séng Diskretioun. An sou ass et nëmmen hien dee gesäit wat sech do zesumme braut. Wéi dunn awer duerch eng Menace vun enger Terrorattack op d’Botschaft zu London dem Harry säi Landhaus als Ambassade ëmfonktionnéiert gëtt, ass de Chaos perfekt.
An och de Perkins verléiert d’Kontroll. Well lo taucht dee fir d’Sëcherheet vum Harry zoustännge Kapitän Avery mat dem Harry sénger retro a liicht topeger Sekretärin Faye op a jiddereen ass gehalen d’Haus nët méi ze verloossen.
E Boulevardstéck voller verréckte, bizarren a skurille Situatiounen. Einfach englesch..einfach genial! Fräi no eisem Motto «Wien hei net laacht ass selwer
schold»
vum Michael Parker
an d’Lëtzebuergescht iwwersat vum Marc Hermann
Regeiert vum Guy Geimer
avec le soutien de l’UGDA