{"id":2260,"date":"2024-05-02T15:44:03","date_gmt":"2024-05-02T13:44:03","guid":{"rendered":"https:\/\/www.kameidi.lu\/?page_id=2260"},"modified":"2024-05-02T16:17:12","modified_gmt":"2024-05-02T14:17:12","slug":"historique-chronik","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/historique-chronik\/","title":{"rendered":"Chronik Ver\u00e4ins-Geschicht"},"content":{"rendered":"\n<p><\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">Ver\u00e4ins-Chronik vum Bartrenger Kam\u00e9idi<\/h2>\n\n\n\n<p>D\u00e9i, di de Ver\u00e4in gegr\u00ebnnt hunn, haten deemols wuel alles am Kapp, awer et huet keen un de Chronist geduecht, soss h\u00e4tten s\u2019op d\u2019mannst de Gebuertsdatum vum Ver\u00e4in iergendwou not\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p>\u2018t ass gewosst, datt Theater gespillt gouf, \u00e9iert de Ver\u00e4in richteg gegr\u00ebnnt war. \u2018t kann een och dervun ausgoen, datt d\u2019Statuten op der Gemeng ze depon\u00e9ieren net den aller\u00e9ischte Schr\u00ebtt war, ma d\u00e9i \u00e9ischt schr\u00ebftlech Notiz ass e Br\u00e9if vum 16. Januar 1975, un d\u2019Gemeng, wou e Sall fir d\u00e9i uerdentlech Generalversammlung vum 20.01.1975 ugefrot g\u00ebtt.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Schreiwfaul, et sief dann fir Rappellen\u2026.<\/h3>\n\n\n\n<p>Vun der offizieller Gr\u00ebnnungsversammlung hu mer kee Rapport an dat Ganzt ass och ouni vill Pabeierkrom gelaf, well et dauert bis de 27. November 1975 bis mer d\u00e9i \u00e9ischt schr\u00ebftlech Notiz aus dem D\u00e9liberatiounsbuch fannen. Dob\u00e4i waren d\u2019Statuten awer schonn den 28. M\u00e4erz 1975 duerch de Conseil gaang.<\/p>\n\n\n\n<p>De richtege Gebuertsdatum muss awer ronn e Joer virdru gewiescht sinn, well am Christens Jos senger Opzielung ass den \u00e9ischten Optr\u00ebtt als \u00ab Kam\u00e9idi \u00bb mam 19. September 1974 festgehalen. Do g\u00ebtt och net dru ger\u00ebselt, well mir schreiwe jo d\u2019Geschichtsbicher net fr\u00ebsch.<\/p>\n\n\n\n<p>Fest steet, datt d\u2019Gr\u00ebnnung vum Club op eng Aarbechtsgrupp vum deemolege Club des Jeunes zr\u00e9ck geet. De CdJ wollt seng Aktivit\u00e9iten diversifiz\u00e9ieren, w\u00e9i een haut g\u00e9if soen, an dob\u00e4i war eben eng Aarbechtsgrupp, d\u00e9i sech mat Theater sollt besch\u00e4ftegen.<\/p>\n\n\n\n<p>Mir soutze beim Nicole am Buereck an der klenger Stiffchen hannert dem Caf\u00e9 . \u2018t g\u00ebtt keng Pr\u00e4senzl\u00ebscht vun deemols, m\u00e4 de Gros vum \u00e9ischte Comit\u00e9 war s\u00e9cher derb\u00e4i.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Geld huet awer schonn deemols eng wichteg Roll gespillt, well et war haapts\u00e4chlech de finanziellen Opwand &#8211; deen n\u00e9ideg ass fir esou en Theater op d\u2019Been ze setzen &#8211; deen de Kader vun enger Aarbechtsgrupp gesprengt h\u00e4tt, mee och d\u2019Suerg, datt wann d\u00e9i, di Theater spillen eemol Benefice g\u00e9ife man, op deen da ganz g\u00e9if an der Keess vum CdJ verschwannen, d\u00e9i zur Conclusioun gefouert hunn, datt wann een Theater w\u00ebllt spillen, da misst een en Theaterclub hunn ! Domat war de Frang gefall an d\u2019Gr\u00ebnnung vum Bartr\u00e9nger Kam\u00e9idi net m\u00e9i opzehalen.<\/p>\n\n\n\n<p>Wann dat \u00e9ischt St\u00e9ck och \u00ab Esou k\u00ebnnt een op den Hond \u00bb geheescht huet, dann huet deen Titel Gott sei Dank net op de Ver\u00e4in ofgefierft, well mir hunn et jo \u00ebmmerhi scho 25 Joer ausgehal ; och wann et oft nob\u00e4i war : richteg op den Hond komm si mer ni !<\/p>\n\n\n\n<p>De 27. November \u201875 ass dann och decid\u00e9iert ginn d\u2019Geld net m\u00e9i an der Zigarek\u00ebscht ze versuergen, an et gouf e Kont beim CIAL opgemat. D\u00e9i aktiv Memberskaart huet \u00ebmmerhi scho 50 Frang kascht an da koume jo och d\u2019Sue vum Hunnefest 1974, och wa mer do hu missen e Rappel schreiwen.<\/p>\n\n\n\n<p>Den 2.2.1976 gouf an der Generalversammlung eng Statuten\u00e4nnerung mat knapper Majorit\u00e9it verworf, mee de Comit\u00e9 gouf a senger Zesummesetzung best\u00e4tegt. Och un der Posteverdeelung gouf n\u00e4ischt ge\u00e4nnert, de Jos Christen blouf Pr\u00ebsident, assist\u00e9iert vun Nic Even, de Bridder Guy a Rosch Geimer (Keess) a Marc Maas (Sekret\u00e4r). D\u2019Keesserevisoren Marc Christen a Sony Haas goufe best\u00e4tegt an d\u2019Mounie Zimmer war den \u00e9ischten Archivar.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Choucroute an Ahrburgunder\u2026..<\/h3>\n\n\n\n<p>Wa gutt geschafft gouf, huet de Ver\u00e4in et och \u00ebmmer verstan seng Memberen ze belounen an esou war de 5. M\u00e4erz 1976 eng Friess beim Nicki Schonkert, wou d\u2019Leit Pascht\u00e9it oder Choucroute konnte wielen.<\/p>\n\n\n\n<p>An deem Joer hu mer als Ver\u00e4in och e Rekord opgestallt, deen, mat grousser Wahrscheinlechkeet, nach eng Rei vu Joere Bestand w\u00e4ert hunn. Den 3-Akter, dee mir 1976 opleien haten, hu mir net manner ew\u00e9i a 4 weideren Dierfer ausserhalb vu Bartreng gespillt! An dob\u00e4i gl\u00e4ich op zwou B\u00fchnen, wou mir an engem Dag gl\u00e4ich zwou Virstellunge ginn hunn ! \u2013 Bei engem vun deene stressegen Deeg goufen et awer kleng Problemer. Zu Garnech sollte mer t\u00ebschent der Matinee an der Owesvirstellung eng gutt Portioun Spaghetti kr\u00e9ien. D\u2019Fra aus der Wiertschaft, wou mer am Festsall gespillt hunn, huet dun alt scho w\u00e4hrend dem 1.Akt ugefaang fir d\u2019Waasser waarm ze man, well fir esou e Koup Nuddelen ze kachen kann e jo net am leschte Moment mat enger Kasseroll hant\u00e9ieren. \u2013 Mee d\u2019Haus war net geriicht fir Theatervirstellunge parallel mat Restauratioun lafen ze loossen. All K\u00e9ier, wann d\u2019Fra an der Kichen d\u2019Kachplack op volle Jus geschallt huet \u2013 iwwerdeems mir op der B\u00fchn knapp honnert Biren an eiser selwergebautener \u00ab Flutlichtanlag \u00bb um Stroum h\u00e4nken haten \u2013 dann ass d\u2019Panzersicherung bei der D\u00e4iwel gefuer. Well mir weder am D\u00e4ischtere konnten Theater spillen, a well d\u2019Fra net konnt mam kale Waasser Nuddele kachen, hu mer eis no e puer vun deene peinleche Pannen g\u00ebeenegt, den Theater f\u00e4erdeg ze spillen an d\u2019Iessen ebe mat Versp\u00e9idung, just virun der Owesvirstellung ze man. \u2018t ass kengem schlecht bekomm, de Souffleur hat et s\u00e9cher am mannste gutt geroden, well e gl\u00e4ich nom leschte Maufel de Mo an d\u00e4r enker K\u00ebscht gequ\u00ebtscht krut.<\/p>\n\n\n\n<p>Geschafft, dat heescht Theater gespillt, gouf sonner Zweifel an d\u00e4r Period vun eiser Ver\u00e4insgeschicht am meeschten. Enn vun de 70er Joeren waren 3 verschidden Optr\u00ebtt am Joer d\u2019Regel, wat een och kann am Jos Christen senger chronologescher Opzielung vun eisem Theaterschaffen noliesen. Fir all eis St\u00e9cker hate mer \u00ebmmer Leit vum Ver\u00e4in op alle Plazen. Datt d\u2019Posten gerecht verdeelt waren, geet aus deem D\u00e9tail ervir, datt mer fir d\u2019Participatioun un enger Soir\u00e9e Culturelle mat 4 Sketcher derb\u00e4i waren an eis dofir 4 verschidde R\u00e9gisseure geleescht hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Op d\u00ebser Plaz w\u00eblle mer awer net zevill op den Theater selwer agoen, mee eis op d\u2019Entw\u00e9cklung am Ver\u00e4in an op d\u2019\u00cbmger\u00e9its konzentr\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>1976 war d\u2019Joer wou eng \u00ab \u00e9quipe technique \u00bb an d\u2019Liewe geruff ginn ass. D\u00e9i hunn dann och gl\u00e4ich ugerappt an ufanks 1977 \u2013 de Comit\u00e9 war grad er\u00ebm best\u00e4tegt ginn &#8211; ass mam Bau vun enger neier B\u00fchn ugefaang ginn.<\/p>\n\n\n\n<p>An deem Joer koum och fir d\u2019\u00e9ischt de club-interne Bulletin \u00ab Hanner dem Rido \u00bb eraus. Enn vum Joer huet et dun awer finanziell gekriselt an eng Loterie \u00e0 tirage imm\u00e9diat sollt d\u2019Finanzen er\u00ebm an d\u2019Gl\u00e4ichgewiicht br\u00e9ngen. De 5. November war e Bal mat den \u00ab Oldtimers \u00bb, deen och an d\u00e4r Optik organis\u00e9iert gouf.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Finanzen hunn sech erkritt an duerfir gouf de Comit\u00e9 och er\u00ebm best\u00e4tegt (8.2.1978) . Dat war och 1979 esou . D\u2019Spuerbuch ass lues a lues gewuess an de Comit\u00e9 krut nees d\u2019Vertrauen ausgesprach. Allerd\u00e9ngs gouf et am Comit\u00e9 e Wiessel, de Pr\u00ebsident an de Sekret\u00e4r hunn d\u2019Plaze getosch. Mee di l\u00e4scht M\u00e9int vum Exercice huet de Comit\u00e9 n\u00ebmme m\u00e9i aus 4 Leit bestan, well den Nic Even aus pers\u00e9inleche Gr\u00ebnn s\u00e4i Mandat huet missen opginn. De Rol Brausch huet hien an der n\u00e4chster Generalversammlung ersat.<\/p>\n\n\n\n<p>Beim \u00ab Professer Kinkerlitzchen \u00bb sollt ee vun de m\u00e4nnlechen Haaptduersteller am \u00e9ischten Optr\u00ebtt vum 2.Akt seng eege Fra jalous man, andeems en als Fra aus engem ganz best\u00ebmmte Milieu opgetrueden ass an doheem no sech selwer sollt froen. Esou w\u00e4it esou gudd. D\u2019Sich no engem Rack a Schung fir en zolidde Maansk\u00e4rel war net einfach, ma mir kruten alles zesummen. Wann deen Akteur awer e wujjeleche Vollbart huet, da k\u00ebnnt d\u2019Maquilleuse an d\u2019Laberenten. \u2018t gouf villes prob\u00e9iert, ma kee Resultat konnt eis zefridde stellen. D\u2019L\u00e9isung gouf fonnt, ma \u2018t gong dem Akteur un de Pelz. An der Paus t\u00ebschent dem 1. an 2. Akt gouf de Vollbart einfach ewech raseiert. D\u2019Iwwerraschung ass gegl\u00e9ckt, och wa mer dee Coup an der zweeter Virstellung net konnte widderhuelen. Ma d\u00e9i Z\u00e4it war een nach Ver\u00e4insm\u00ebnsch mat L\u00e4if a S\u00e9il a mat Haut an Hoer\u2026.<\/p>\n\n\n\n<p>En Ausflug, dee s\u00e9cher kee verg\u00ebsst, deen derb\u00e4i war, huet \u00e4is an d\u2019Ahrtal gefouert. Commentairen zu der Rees kann een hei op d\u00ebser Plaz keng man, et schw\u00e4tzt ee jo net aus der Schoul. Et sollen awer nach Fotoen an Diaen aus d\u00e4r Z\u00e4it ginn, de Lieser vun d\u00ebsen Zeilen huet vill\u00e4icht eng K\u00e9ier d\u2019Chance\u2026\u2026<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Vum eegene Miwwel bis zur \u00ab Ouverture \u00bb<\/h3>\n\n\n\n<p>Eng hallef Dose Mol stong en am Comit\u00e9 um Ordre du jour an et war och ni een derg\u00e9int ; awer d\u2019Saach krut ni Stullgank. Ma 1980 gouf \u00ab de Schaf \u00bb endlech kaaft. E Schaf, dee joerelaang de Proufsall d\u00e9cor\u00e9iert huet. Rollebicher, Requisiten an eisen \u00c4schebecher waren \u00ebmmer fein a propper \u00ebnner dem Schl\u00ebssel an, net ze vergiessen, e Stouss vun e puer Dosen onglas\u00e9iert Tellere goufen do versuergt. D\u00e9i Telleren, en Don vun der Fa\u00efencerie, hu mer \u00ebnner anerem gebraucht, fir eng echt Sonorisatioun ze man, wann e St\u00e9ck dat verlaangt huet. Mat all deem wat an deem, Schaf war, war et natierlech onm\u00e9iglech dat St\u00e9ck Miwwel ze r\u00e9ckelen, a w\u00e9i enges Dags eise Proufsall \u2013 wat zugl\u00e4ich de Filmsall vun der Prim\u00e4rschoul war \u2013 fr\u00ebsch ugestrach gouf, du krut de Schaf alt och eng Couche vun deem Lack mat an huet esou och weiderhin an den neien D\u00e9cor gepasst.<\/p>\n\n\n\n<p>Eng Rei vu Memberen hu lues a lues aus deene verschiddensten Ursaachen net m\u00e9i k\u00ebnne matman. D\u2019Meedercher vun der \u00e9ischter Stonn ware Mamm ginn an haten aner Priorit\u00e9iten ew\u00e9i den Eefalt op der B\u00fchn erauszeloossen. Obschonn de Ver\u00e4in op den Datum vum 1.1.1982 ronn 30 Aktiver gezielt huet, koume mir fir d\u2019\u00e9ischt an eiser Geschicht a personell Nout. En Trakt, deen an all Haus verdeelt gouf, sollt eis k\u00e9ipweis nei Memberen br\u00e9ngen, wat leider net de Fall war. Een eenzegen huet sech duerophi gemellt an dem Pr\u00ebsident seng Ried vun der Generalversammlung ass schon als \u00ab Grafried \u00bb gehandelt ginn. Am Bericht vun der Generalversammlung schreift de Sekret\u00e4r \u00ab au point de vue activit\u00e9s \u2013 situation de coma ! \u00bb An dat bei Finanzen, d\u00e9i an der Zw\u00ebschenz\u00e4it aussergew\u00e9inlech gutt waren.<\/p>\n\n\n\n<p>De Guy Geimer gouf am Comit\u00e9 duerch den Ali Meyer ersat, den \u00e9ischten Net-Bartr\u00e9nger am Comit\u00e9 vum Kam\u00e9idi. D\u00e9i \u00ab ouverture \u00bb huet en Zeeche gesat. Eng zweet Aktioun fir Acteuren ze rekrut\u00e9iere war m\u00e9i erfollegr\u00e4ich. Am Mee huet de Max Folschette sech gemellt a gl\u00e4ich 5 \u00ab Ausw\u00e4erteger \u00bb matbruecht, d\u00e9i all spille wollten.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">En Doutgesoten steet mam Requiem er\u00ebm op<\/h3>\n\n\n\n<p>\u2018t gong er\u00ebm biergop. Vum Januar \u201983 un hat den Nic Even er\u00ebm besser Z\u00e4it an huet- mat dem Neien &#8211; dem Max Folschette , de Comit\u00e9 verst\u00e4erkt.<\/p>\n\n\n\n<p>No enger laanger Paus ass och er\u00ebm Theater gespillt gin. A w\u00e9i ! Beim \u00ab Requiem fir e Lompekr\u00e9imer \u00bb hu mir emol er\u00ebm eng K\u00e9ier all Regestere gezunn. Eleng fir d\u2019B\u00fchnebild vum 2. Akt hate mer Miwwel vum Kauffmann Serra op de Brieder stoen fir 332.964 Frang \u2013 natiirlech \u00ab Foyer \u00bb vers\u00e9chert &#8211; emol net ze rechnen, dat mer fir den 1. an 3. Akt eng Deux- Chevaux op d\u2019B\u00fchn bruecht haten. Net n\u00ebmme w\u00e9inst der Plaz, ma eleng scho w\u00e9inst dem Gewiicht war d\u2019Iddi natiirlech \u00e9ischter gesot ew\u00e9i gemat. Ma mir hun net laang dru gedoktert : D\u2019Iddi war d\u00e9i, datt de Jemp s\u00e4i F\u00ebschergeschir an den Auto dr\u00e9it \u2013 awer am St\u00e9ck net huet misse fortfueren. Well een also vun der Deux-Chevaux n\u00ebmmen d\u2019Mall huet misse gesinn, ass dat St\u00e9ck vum Auto duergaang, fir d\u2019B\u00fchnebild ze d\u00e9cor\u00e9ieren. Also gouf eng Deux Chevaux an zwee geschnidden, an n\u00ebmmen dee liichten Deel huet missen op d\u2019B\u00fchn gehuewe ginn. Am Jemp s\u00e9ngem Virg\u00e4ertchen huet een d\u2019Mall vum Auto t\u00ebschent dem Getraisch gesinn, an et wier kee Spektateur op de Gedanke komm, datt di besser Hallschecht vun der Deux-Chevaux net am Theater war !<\/p>\n\n\n\n<p>1984 war wuel d\u00e9i bescht Saison, op d\u2019mannst wat d\u2019Publicit\u00e9it ubelaangt huet. Fir den \u00ab Don Camillo a Peppone \u00bb ass eng Campagne ouni Gl\u00e4ichen gelaf, eleng dr\u00e4i S\u00e4iten am T\u00e9l\u00e9cran hunn och d\u00e9i Leit den Don Camillo materliewe gelooss, d\u00e9i keng Z\u00e4it hate, fir an den Theater ze kommen.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Generalversammlung vum 27. 3.1985 war immens gutt besicht. Ob dat eleng duerop zr\u00e9ckzef\u00e9iere war, datt et waarm Ham, Speckgromperen a Gaardebounen gi sinn ?\u2026. Jiddefalls hunn d\u2019Memberen net n\u00ebmme gutt giess, mee et war allgemengen Enthousiasmus ze verspieren (dee s\u00e9cher och um Erfolleg vu \u201984 gelee\u00ebn huet) an den Opruff vum Comit\u00e9 sortant, fir d\u2019Equipe op 7 Leit ze erweideren, huet Uklang fonnt. Prompt koum dann och mam Pol Scholler an dem Camille Capus di n\u00e9ideg Verst\u00e4erkung an de Comit\u00e9. &#8211; Nei Leit, nei Iddien. Esou huet nieft dem Theaterliewen och d\u2019Ver\u00e4insliewen neien Opschwong kritt a gouf \u00ebm eng Rei Aktivit\u00e9ite ber\u00e4ichert. Et huet allerd\u00e9ngs eng Weilche gebraucht \u00e9iert d\u2019Iddi\u00ebn \u00ebmgesat goufen, mee et war awer derw\u00e4ert. En traditionellt Club-F\u00ebschen huet vun 1986 u gutt 10 Joer gehal, \u00e9iert w\u00e9inst allzevill Wurrelen den Interessi nogelooss huet.<\/p>\n\n\n\n<p>E Rallye fir d\u2019Memberen a Fr\u00ebnn, um \u00e9ischte Week-End, wann am September d\u2019Schoul er\u00ebm un ass, hat och 1986 Premi\u00e8re an huet et bis haut gepackt, a wa Gott w\u00ebll, kommen do nach en etlech Editiounen derb\u00e4i.<\/p>\n\n\n\n<p>1986 war awer och e flotten Tour iwwert d\u2019 \u00ab Els\u00e4ssische Weinstrasse \u00bb an am Oktober ware mer derb\u00e4i, w\u00e9i \u00ab Atert \u00bb ageweit gouf.<\/p>\n\n\n\n<h3 class=\"wp-block-heading\">Radikalkur<\/h3>\n\n\n\n<p>Wien h\u00e9ich kl\u00ebmmt, dee f\u00e4llt och h\u00e9ich erof, seet d\u2019Sprachwuert. Esou gong et och dem Kam\u00e9idi, deen aus deem H\u00e9ich 1987 n\u00e4ischt ze maache wosst. 1987 steet dann och keng Zeil an der Opzielung vun den Theaterst\u00e9cker an och deen anere Bericht vum Ver\u00e4insliewe war m\u00e9i wi moer. Datumsschwieregkeete mat der R\u00e9servatioun vun Atert hun hiren Deel derzou b\u00e4igedroen.<br>Esou hunn dann ugangs 1988 zwee Memberen de Comit\u00e9 verlooss an dee staarke Comit\u00e9 ass er\u00ebm w\u00e9i gewinnt zu f\u00ebnnef weidergefuer, ma d\u00e9i Theaterowender, d\u00e9i fir den Hierscht programm\u00e9iert waren, goufen nees eemol m\u00e9i verluecht.<\/p>\n\n\n\n<p>No 15 Joer un der Sp\u00ebtzt vum Ver\u00e4in huet den Duo J.Christen a M. Maas an de Fonctioune vu Pr\u00ebsident a Sekret\u00e4r (1979 waren d\u2019Rolle getosch ginn) sech auswiessele gelooss. Et war schon e radikale Schn\u00ebtt, well J.Christen, N. Even a P. Scholler ganz aus dem Comit\u00e9 ausgetruede sinn. Dee krut awer er\u00ebm 7 Leit an nieft deenen \u00ab alen \u00bb Brausch a Maas hunn A. Meyer, M. Manderscheid, G.De Jong, C.Capus a C. Wolter d\u2019Heft an d\u2019Hand geholl. De Claude Wolter gouf neie Pr\u00ebsident fir de Ver\u00e4in an d\u201990er Joeren ze f\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Mat deem neie Pr\u00ebsident krut de Ver\u00e4in dann och e Sponsor an et gouf eng \u00e9ischt \u00ab Uniform \u00bb, e flotten T-Shirt vun der \u00ab Luxembourgeoise \u00bb, fir keen ze nennen.<\/p>\n\n\n\n<p>En alen Theaterhues, dee scho ganz am Ufank derb\u00e4i war, konnt er\u00ebm aktiv\u00e9iert ginn, de Marc Fonck huet zougesot, fir als R\u00e9gisseur matzeman. Bis dohin huet de Comit\u00e9 jo laut Statuten mat all St\u00e9ck e R\u00e9gisseur gesicht, vun elo un sollt ee Mann d\u00e9i Roll dauerhaft iwwerhuelen.<\/p>\n\n\n\n<p>Um touristesche Plang bleift den Ausflug an d\u2019Bourgogne festzehalen, wou mer d\u2019 \u00bbRoute des Grands Crus \u00bb \u00ebnnert d\u2019Lupp geholl hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>De Comit\u00e9 gouf 1990 best\u00e4tegt. Vun \u201990 u war Bartr\u00e9ng jo och um Krautmaart vertrueden, an esou huet och d\u2019St\u00e9ck geheescht, dat de Kam\u00e9idi dem neien D\u00e9put\u00e9-Maire Niki Bettendorf fir s\u00e4in Amtsuntr\u00ebtt gespillt huet.<\/p>\n\n\n\n<p>1990 war dann och gezeechent vu stonnelaangen Diskussiounen a s\u00e4itelaange Pabeiere w\u00e9i d\u2019\u00c9quipe technique k\u00ebnnt besser funktionn\u00e9ieren. Um Enn stong dann och eng laang L\u00ebscht vun Techniker, d\u00e9i sech di verschidden Aufgaben opgedeelt hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>De 4.3.1991 sinn dann och Tischlerplatten a K\u00e4ffere geliwwert ginn, fir di nei B\u00fchn ze realis\u00e9ieren. Schw\u00e9ier ew\u00e9i Bl\u00e4i sinn d\u00e9i St\u00e9cker, wann se mussen aus dem Keller erop op d\u2019B\u00fchn gehuewe ginn, ma si si stabil an nach haut am Gebrauch.<\/p>\n\n\n\n<p>1991 ass de Comit\u00e9 er\u00ebm op 5 Leit zr\u00e9ckgeschrauft ginn, faute de combattants. C. Capus, G. De Jong a M. Maas hunn net m\u00e9i matgemat, Ersatz fir d\u00e9i dr\u00e4i war d\u2019Lony Fonck, wat d\u2019Keess iwwerholl huet. Et konnt och kee Sekret\u00e4r fonnt ginn, esou datt de Pr\u00ebsident d\u00e9i duebel Charge gemat huet.<\/p>\n\n\n\n<p>\u00ab Do m\u00e9ngs de, du misst \u00bb huet dat St\u00e9ck geheescht, dat sengem Numm dann och all \u00c9ier gemat huet. W\u00e9inst engem pl\u00f6tzleche Krankheetsfall huet d\u00e9i 2. Opf\u00e9ierung missten ausfalen a gouf 5 Woche m\u00e9i sp\u00e9it nogeholl.<\/p>\n\n\n\n<p>E klenge Grupp huet den 20. an 21. Juli e flotten Ausflug zu Par\u00e4is erlieft. Vum Hotel Terminus Nord aus hu mer eis Exp\u00e9ditioune gestart, a well et n\u00ebmmen e klenge Grupp war, hu mer och ni ee verluer.<\/p>\n\n\n\n<p>Am Dezember \u201991 huet d\u2019Post eis den ATR-Stempel zouerkannt.<\/p>\n\n\n\n<p>1992 hu mer den traditionnellen Ausflug op Freudenstadt gemat. Am Super-Hotel \u00ab Birkenhof \u00bb hu mer dr\u00e4i Deeg am \u00ab grand luxe \u00bb gelieft.<\/p>\n\n\n\n<p>Aus z\u00e4itleche Gr\u00ebnn huet den A. Meyer 1993 net m\u00e9i w\u00ebllen am Comit\u00e9 matschaffen, Ersatz gouf awer fonnt doduerch, datt d\u2019J. Stieber a C. Hoffmann sech gemellt hunn. D\u2019Jos\u00e9e Stieber huet de Pr\u00ebsident a senger duebeler Charge entlaascht, doduerch datt et d\u2019Sekretariat iwwerholl huet.<\/p>\n\n\n\n<p>E Fousstur huet \u201993 den traditionellen Ausflug ersat. Fir bis op d\u2019Giewelsmillen hu mer allerd\u00e9ngs e St\u00e9ck mam Zuch gemat.<\/p>\n\n\n\n<p>Den 20. Anniversaire huet s\u00e4i Schiet scho viraus geworf an et gouf d\u00e9cid\u00e9iert e Pin\u2019s an enger Oplag vun 1000 St\u00e9ck erauszeginn. De Pin\u2019s war zwar nach \u00ebmmer en Thema, mee dach huet den Interessi permanent ofgeholl an esou k\u00ebnnt et datt och haut nach Amateuren dee Pin\u2019s k\u00ebnne bestellen. Iwwert de Pr\u00e4is loosse mer g\u00e4re mat eis diskut\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir de Rescht ass den 20. Gebuertsdag awer am klenge Krees gefeiert ginn. Allerd\u00e9ngs gouf nees e richtegen Ausflug organis\u00e9iert : D\u2019Rees op de Bostalsee mat der Italienescher Fiesta, wou \u00ebnner anerem den Angelo Branduardi an den Toto Cotugno fir eis gesongen hunn, ass allen a beschter Er\u00ebnnerung.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir 1995 hu mer endlech er\u00ebm 7 Leit fir de Comit\u00e9 fonnt. Nodeems d\u2019M. Manderscheid net m\u00e9i kandid\u00e9iert huet, war awer mam N. Bemtgen a M. Maas gl\u00e4ich Ersatz do.<\/p>\n\n\n\n<p>Et war dat verflixt 7. Joer vum Woltesch Claude senger Pr\u00ebsidentschaft, w\u00e9i hien an der M\u00ebtt vum Joer der Meenung war, seng Aarbecht g\u00e9if net richteg honor\u00e9iert an hien huet d\u2019Handduch geh\u00e4it. De M. Maas huet fir de Rescht vum Joer d\u2019Pr\u00ebsidentschaft iwwerholl.<\/p>\n\n\n\n<p>S\u00e4it Dezember 1996 pr\u00e9sent\u00e9iert de Bartr\u00e9nger Kam\u00e9idi sech mam neie Logo. Och do waren di \u00e9ischt Versich scho viru m\u00e9i ew\u00e9i 10 Joer lanc\u00e9iert ginn, ouni datt de Ver\u00e4in sech awer fir eng definitiv L\u00e9isung entscheed h\u00e4tt. Deen neie Logo f\u00ebnnt een haut natierlech net n\u00ebmmen um Br\u00e9ifpabeier, op den Enveloppen an op de Memberskaarten, mee och op d\u00e4er neier Uniform, d\u00e9i am Oktober 1997 ugeschaaft gouf.<\/p>\n\n\n\n<p>De 5. Februar 1998 huet den Armand Vesque sech bereet erkl\u00e4ert, dat schw\u00e9iert Amt vum Pr\u00ebsident unzehuelen. Ma och hien huet sech net laang an d\u00e4r Roll wuel gefillt an z\u00ebnter d\u00ebsem Joer g\u00ebtt de Ver\u00e4in vum Marc Fonck geleet.<\/p>\n\n\n\n<p>De Ver\u00e4in huet an deene leschte 5 Joer esou vill Pr\u00ebsidente gebraucht ew\u00e9i virdrun an 20 Joer. Et w\u00e4ert jo net schon d\u2019Midlife Crisis sinn d\u00e9i sech breet mecht. W\u00ebnsche mer dem Ver\u00e4in fir di n\u00e4chst 25 Joer er\u00ebm manner Presidenten an doduerch m\u00e9i Kontinuit\u00e9it am Comit\u00e9, an dat, net n\u00ebmmen, fir dem Chronist vun der Brochure vum 50. Anniversaire d\u2019Aarbecht m\u00e9i liicht ze man.<\/p>\n\n\n\n<h2 class=\"wp-block-heading\">2. Deel: 1999 &#8211; 2024<\/h2>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Wann e Club s\u00e4i Gebuertsdag feiert, ass dat \u00ebmmer e flotte Moment fir zr\u00e9ckzekucke wat an all deene Jore gelaf ass. Fir de 50. vum Bartrenger Kam\u00e9idi maache mer dat natierlech och, mee d\u00ebs Chronik soll awer net mam Gebuertsjoer uf\u00e4nken, well mer beim 25. Anniversaire schonn eng K\u00e9ier ganz am Detail op di \u00e9ischt Jore vum Ver\u00e4insliewe gekuckt hunn. Aus Plazgr\u00ebnn k\u00ebnne mer dat och hei net widderhuelen, mee den Intress\u00e9ierte kann et awer g\u00e4r op eisem Internetsite (<a href=\"http:\/\/www.kameidi.lu\">www.kameidi.lu<\/a>) noliesen.<\/p>\n\n\n\n<p>De Programm vum 25-j\u00e4rege Bestoe gouf den 2. M\u00e4erz <strong>1999<\/strong> mat engem Putty-Stein-Owend agelaut. Den 11. M\u00e4erz war et dunn um Jemp Schuster mam \u201eJaddermunnes\u201c Theater fir Grouss a Kleng. Groussen Theaterowend mat enger Gaunercom\u00e9die \u201e De leschte Kreesch\u201c vum Jos Christen, \u00ebnnert der Regie vum Raym Lepine, den 12. a 14. M\u00e4erz, an do waren 2 Leit am Asaz eenzeg an eleng fir d\u2019Tombola!&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Den 18. September hunn d\u2019Memberen a Fr\u00ebnn sech op engem Rallye Surprise P\u00e9destre ames\u00e9iert. Am Oktober hu mer Cabar\u00e4 \u201eHoer an der Zopp\u201c a Schwalls gespillt. Fir den Anniversaire gouf eng flott Brochure am Graphic Press realis\u00e9iert, deemools zum Schn\u00e4ppchenspr\u00e4is vun 114.801 Frang. Am Jubil\u00e4umsjoer huet et dann och uerdentlech an der Keess gerabbelt an am Ofschlossbericht vun 2 Keessi\u00e4ren an deem Joer steet e fette Boni vun 72.392 Frang!<\/p>\n\n\n\n<p>W\u00e9inst \u201efaute de candidatures\u201c konnt de Comit\u00e9 an der Generalversammlung vum 4.2.<strong>2000<\/strong> net op d\u00e9i n\u00e9ideg Mindestzuel vu Membere gewielt ginn an esou koum et den 9. M\u00e4erz zu enger ausseruerdentlecher Generalversammlung mat der n\u00e9ideger Statuten\u00e4nnerung an duerno gouf et och en neie President. \u00cbnnert der Presidence vum Nico Bemtgen huet en 3-Mann\/Fra-Team d\u2019Gesch\u00e9cker vum Ver\u00e4in an d\u2019Hand geholl, mee d\u00e9i nei F\u00e9ierung vum Ver\u00e4in huet missen en Nout-Programm op d\u2019Bee setzen, well d\u00e9i geplangten Theateropf\u00e9ierung eleng schonn um Mangel u m\u00e4nnlechen Acteure gescheitert ass. D\u00e9i intern Club-Zeitung \u201eHannert de Coulissen\u201c krut en neie Look, an an deem Joer gouf d\u2019Date prot\u00e9g\u00e9e fir d\u2019Duerfver\u00e4iner agefouert. De Bartrenger Kam\u00e9idi stoung bei der Ovatioun fir den neie Konzell op de Brieder an huet an deem Joer d\u00e9i \u00e9ischt Mini-Play-Back-Show op d\u2019Bee gesat. Vum 25. November bis den 2. Dezember ware beim Kabar\u00e4 Schauwebuergereien 16 Acteure bei 5 Virstellungen op de Brieder.<\/p>\n\n\n\n<p>No enger 2. Editioun vun der Mini-Play-Back Show am M\u00e4erz hu mer den 20. an 22. Abr\u00ebll <strong>2001<\/strong> mat engem neien Auteur a Regisseur, dem Josy Braun \u201eD\u2019Kierchenauer vu Knousperd\u00e9ng\u201c an Atert opgefouert. D\u2019Belounung fir dee Succ\u00e8s war en Ausflug op Hamburg mat Musical. Et goufen nei Uniforme virun allem fir de&nbsp;Kabar\u00e4 an am Hierscht hunn et bei de Schauwebuergereien misse 7 Virstellunge sinn, fir d\u2019Spectateuren all \u00ebnnerdaach ze kr\u00e9ien.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Den 9. an 10. M\u00e4erz <strong>2002<\/strong> goufen 2 m\u00e9i kuerz St\u00e9cker opgefouert: \u201eSpaghetti \u00e0 la Mama\u201c an \u201ede roude Soutien\u201c, vun a mam Josy Braun. Den 19.4. war de Jemp Schuster mat \u201eH\u00e4ppi End\u201c op Besuch an et gouf och nees eng Mini-Play-Back-Show. Den Ausflug Enn Mee goung op Par\u00e4is wou e grujelege Souvenir bleift w\u00e9i de Ver\u00e4in d\u2019Keess geklaut kritt huet. Gl\u00e4ich 8 programm\u00e9iert Virstellunge vun de Schauwebuergereien 2002 mat nees enger Dosen Acteuren.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>De 26.1.<strong>2003 <\/strong>huet den UGDA-Kongress dem Kam\u00e9idi seng Aschreiwung best\u00e4tegt. Eng 2. Inzen\u00e9ierung an der Ver\u00e4insgeschicht vum Josy Christen sengem \u201eDon Camillo\u201c war den 28. an 30. M\u00e4erz an Atert, wou mat de Statisten net manner ew\u00e9i 24 Acteuren op der B\u00fcn waren. D\u2019Peffermillchen war am M\u00e4erz mat \u201eG\u00eblle Fra &#8211; W\u00eblle Mann\u201c op Besuch an um Bostalsee huet de Club e Weekend entspaant.<\/p>\n\n\n\n<p>Fir den 30. Gebuertsdag vum Ver\u00e4in, a gl\u00e4ichz\u00e4iteg fir d\u00e9i 10. Oplag vun de Schauwebuergereien hu mer dann nees eng Sch\u00ebpp dropgeluecht an et waren d\u00ebs K\u00e9ier schonn 9 programm\u00e9iert Virstellungen an eng 10. gouf b\u00e4igefl\u00e9ckt. N\u00ebmme gutt datt kee gewuer ginn ass, datt bei all Virstellung eng Dose Leit m\u00e9i ew\u00e9i di 65 erlaabten Zuschauer an d\u2019Schauwebuerg eragequ\u00ebtscht goufen.<\/p>\n\n\n\n<p>Am Januar <strong>2004<\/strong> si mer mat de Schauwebuergereien vun 2003 op Kielen bei de Mosa\u00efk invit\u00e9iert ginn, \u00e9iert mir den 20.3. \u201eMir st\u00ebmmen iech\u201c, e Vir-Wal-Programm mam Josy Braun op d\u2019B\u00fcn bruecht hunn.<\/p>\n\n\n\n<p>Den Ausflug huet eis op Berlin gefouert, natierlech mat Theater am Programm an am November waren nees 15 Acteuren um Dill fir 9 mol Schauwebuergeien ze spillen.<\/p>\n\n\n\n<p>Den 1.2. <strong>2005<\/strong> hu mir eng Kuerz-Versioun vun eisem Cabaret zu Kielen beim Mosa\u00efk gespillt, ma dee Programm gouf och am Centre Culturel zu Altwies an am Juni nach eemol am Centre Culturel zu Sandweiler fir den 100. Gebuertsdag vun der Sandweiler Musek opgefouert. Den 1. an 2. Oktober ware mer am Festprogramm vun der Aweiung vun der Arca mat agebonnen. Bei de Schauwebuergereien am November war eemol m\u00e9i s\u00e9ier ausverkaaft a mir hu virun der Derni\u00e8re eng 10. Virstellung misse b\u00e4ifl\u00e9cken.<\/p>\n\n\n\n<p>Uganks <strong>2006 <\/strong>huet de Claude Hermes den Nico Bemtgen um Presidentestull ersat. No der Ur-Opf\u00e9ierung aus dem Joer 1992 gouf dem Jay Schiltz s\u00e4i St\u00e9ck&nbsp; \u201eSch\u00e4inHellegerOwend\u201c net m\u00e9i opgefouert, ma de Bartrenger Kam\u00e9idi krut am Fr\u00e9ijoer (24. a 25 M\u00e4erz) vill Luef fir seng Inzen\u00e9ierung, net n\u00ebmme vum Auteur. Deemools, esou liese mer op der Pr\u00e4isl\u00ebscht, huet d\u2019Fl\u00e4sch B\u00e9ier an der Paus schonn 1,80 \u20ac kascht. A well dat alles esou flott war, konnte mer dat St\u00e9ck op Invitatioun vun der Kulturkommissioun e Mount drop zu Kielen nach eemol opf\u00e9ieren. Duerno war awer nees en Ausflug f\u00e4lleg, awer net ouni Theater. Zu Stuttgart hu mer an engem Krimi-Dinner matgespillt. Et huet wuel nach Schauwebuergereien geheescht, ma d\u2019Opf\u00e9ierung vun eisem Kabar\u00e4 2006 war an der neier ArcA. Am Dezember hu mer de Cabar\u00e4 Roude L\u00e9if mat senge \u201eB\u00e9ierdeckelsgespr\u00e9icher\u201c invit\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p>Nom Wantersport mam Club am Januar <strong>2007<\/strong> um Feldberg am Schwarzwald ass awer gl\u00e4ich nees geprouft gi fir \u201eOnheemlech\u201c, e Krimi-Dinner vum Christiane Kremer, deen de 16. a 17. 3. an Atert opgefouert gouf. Hei hunn d\u2019Spectateure virum Dessert misse soe ween de M\u00e4erder war. Mee scho virun der Premi\u00e8re war ausverkaaft a mir hunn de 15. M\u00e4erz missen eng Virstellung virdru spillen.<\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Schauwebuergereien kruten noutgedrongen en neien Numm: \u201eA propos Kam\u00e9idi\u201c housch et fir eng Rei Joren. Mam \u00cbnnertitel \u201evu groussen a klenge Gangsteren\u201c ass eise Kabar\u00e4 vum 16. November bis den 1. Dezember, 7 mol an der Arca iwwert di nei B\u00fcn gaang.<\/p>\n\n\n\n<p>Am Februar <strong>2008<\/strong> gouf \u201ePeffermillchen\u201c&nbsp; an d\u2019 Arca invit\u00e9iert an am M\u00e4erz huet den Duo Schuster\/Urwald \u201eElauter f\u00e4i Jongen\u201c am Centre Atert opgefouert. 636 Leit waren um traditionelle Rendez-vous am Hierscht fir eis 7 Kabar\u00e4s-Virstellungen \u201eA propos Kam\u00e9idi\u201c an d\u2019Belounung fir d\u2019Acteure war e Gl\u00fchw\u00e4in um Chr\u00ebschtmaart zu K\u00f6ln.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>En neien Auteur an och Regisseur war fir eis de Fons Kontz, a mir hu mat sengem Krimi \u201eFro d\u00e4i Brudder\u201c&nbsp; am Centre Atert &#8211; 20., 21. an 22. M\u00e4erz <strong>2009<\/strong> e St\u00e9ck \u201evoll englescher Hitchcockintrigen, frans\u00e9ischem Robert Thoma-Charme, preisescher Schimansky-Sch\u00e9issereien a l\u00ebtzebuerger Kachk\u00e9is-Erotik\u201c, esou den Auteur, op d\u2019B\u00fcn bruecht. Vum 13. bis den 22. November nach eemol \u201eA propos Kam\u00e9idi\u201c Kabar\u00e4 an der Arca.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>No der Generalversammlung Uganks <strong>2010<\/strong>, wou de Comit\u00e9 mol er\u00ebm bis op 6 Memberen opgestockt gouf, huet d\u2019Josiane Schmit-Rauchs d\u2019Presidence vum Claude Hermes iwwerholl an op deem Stull sollt sech an deene 15 Joer duerno mol n\u00e4ischt \u00e4nneren. \u201eDe Bop\u201c, e weidert St\u00e9ck vun a mam Fons Kontz, hu mer an Atert (12. an 13. M\u00e4erz) an duerno och nach am Kader vum Theaterfestival zu Habscht (26.3.) opgefouert. Bei engem flotte Spektakel zesumme mat der Bartrenger Musek, dem Just Music an der Chorale Amiti\u00e9 op der Duerfplaz \u201eBei den Hunnen\u201c huet de Kam\u00e9idi g\u00e4re matgemaach.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>E vari\u00e9ierte Programm vu Musical a Madame Tussaud war d\u2019Belounung fir eis Memberen um Ausflug op London. Bei de 5 Virstellunge vum Kabar\u00e4 \u201eJosy Christen Cocktail\u201c an der ArcA, ass am November de Regisseur Fons Kontz och als Acteur mat op d\u2019B\u00fcn gaang.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Mat \u201eAttention, chantier en cours\u201c&nbsp; mam Eug\u00e9nie Anselin an der ArcA gouf d\u2019Joer <strong>2011<\/strong> agelaut, mee Uganks Abr\u00ebll stounge mer nees selwer op de Brieder fir \u201eMort Subite\u201c&nbsp; vum Christiane Kremer, e \u201egastrom\u00e4erdereschen\u201c Krimi-Owend&nbsp; an Atert.<\/p>\n\n\n\n<p>De Weekend zu Maastricht, sou liese mer am Keesebericht, huet de Ver\u00e4i 5.984,70 \u20ac kascht.<\/p>\n\n\n\n<p>Den 11.11.11. dann eng \u201eGrouss Kapes\u00ebtzung\u201c am Centre Atert vum Kam\u00e9idi, zesumme mat den Neiduerfer Brandst\u00ebfter, der Theater-Equipe Habscht, den Theaterfr\u00ebnn Beefort, der Amiperas Bartreng, dem Alain Clair (Claude Fran\u00e7ois Imitator) an dem Zauberer Alain Hurtado. &#8211; Op Invitatioun: \u201eNebensache\u201c&nbsp; dem Agora-Theater Sankt Vith s\u00e4i St\u00e9ck an der Arca fir Kanner an Erwuessener vu 6 Joer un.<\/p>\n\n\n\n<p>Gl\u00e4ich 2 mol hate mer de Cabarenert den 28.2. an 9.3. <strong>2012<\/strong> bei eis op Besuch mee an d\u00e9i Z\u00e4it f\u00e4lt och den 1. Spuedest\u00e9ch fir eis Internets\u00e4it. De 16. a 17. M\u00e4erz spille mer&nbsp; \u201eD\u00e9i bescht Medezin\u201c&nbsp; \u00ebnnert der Regie vum Fons Kontz &#8211; Am Oktober dann emol er\u00ebm e klengen Tour an d\u2019Ausland: 3 Deeg Tr\u00e9ier &#8211; awer net ouni Theater mat ze spille bei engem Krimi-Dinner! Um traditionelle Weekend am November goufen et 6 Virstellungen an der Arca vun eisem Kabar\u00e4 \u201eDuerfgespr\u00e9ich\u201c.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Mat flotte T-Shirt nei agekleet, gouf de Jemp Schuster mat sengem Programm \u201eet geet elo duer\u201c empfaang. D\u2019St\u00e9ck \u201eVerlugene Pak\u201c vum Guy Geimer huet de Claude Stephany fir den 8.,9. an 10. M\u00e4erz <strong>2013<\/strong> an Atert inzen\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Schonn an der Woch duerno war den \u00e9ischte B(r)ouillonsowend \u2026.., haut g\u00e9if ee soen e Brain Storming, fir eise Kabar\u00e4 am Hierscht. D\u00e9i Owender fir Memberen an haapts\u00e4chlech fir d\u2019Auteure vun eise Kabar\u00e4sst\u00e9cker sinn haut nach \u00ebmmer um Ordre du Jour. An all deene Joren si mer dacks zesummen an d\u2019Revue gefuer, ma och soss hu mer vill St\u00e9cker ausw\u00e4erts zesumme gekuckt, besonnesch wann eiser Leit matgespillt hunn, w\u00e9i z.B. de 25. Abr\u00ebll an der Abtei Neim\u00ebnster bei \u201eStol a Goss\u201c .&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Zu Gonschte vum Pimpampel koum de Roland Meyer mat \u201eZickelalarm\u201c op Bartreng. Vum&nbsp;27. -29. September war eisen Ausflug op Hamburg, &#8230;. a bei der Landung hu mer \u00e4is gewonnert, datt trotz fiichtem Wieder \u201ed\u2019Frisur souz\u201c!<\/p>\n\n\n\n<p>Am November hate mer 5 Deeg Kabar\u00e4 \u201eWat en Zirkus\u201c, deen \u00ebmmerhi 531 Leit gesinn hunn!<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Wat scho bei der Mini-Play-Back-Show am Hannerkapp war, dat war \u201eeppes mat de Kanner\u201c z\u2019organis\u00e9iere fir den Nowuess ze soign\u00e9ieren. Den 2.7. war den \u00e9ischte Casting mat 15 Kanner &#8230;.. an dat war dann och de Startschoss fir eng Serie vu Kannermusicals, d\u00e9i bis haut unh\u00e4lt. Di \u00e9ischt Produktioun war \u201eKee Blutt fir de Grof Brokkoli\u201c. Eis Kanner-Musical ginn hei an der Brochure an engem separaten Artikel beschriwwen.<\/p>\n\n\n\n<p>Op Invitatioun war de Cabarenert am Februar an der Arca a vum 28. bis 30. M\u00e4erz <strong>2014<\/strong> hu mir \u201ePuren Zoufall\u201c&nbsp;\u00ebnnert der Regie vum Nadine Everling opgefouert. De 4. a 5. Abr\u00ebll&nbsp;waren J. Schuster, M. Turpel an de Pianist G. Urwald mat hirem Programm \u201eRecto Verso\u201c&nbsp;um Dill.<\/p>\n\n\n\n<p>\u201eMit Leib und Seele auf der B\u00fchne\u201c huet d\u2019Wort de 7. Oktober getitelt, w\u00e9i de Kam\u00e9idi seng 40 Joer gefeiert huet.<\/p>\n\n\n\n<p>An der Arca hunn iwwer 20 Kanner den \u201eTarta Ruga\u201c gesongen a gespillt. Di \u201eGrouss\u201c hunn d\u00e9i Wochen duerno hiren traditionelle Kabar\u00e4 gespillt,&nbsp; d\u00ebs K\u00e9ier \u00ebnnert dem Motto \u201eAlles Schantjen\u201c fir d\u2019Bauaarbechte vum Shared Space op d\u2019Sch\u00ebpp ze huelen.<\/p>\n\n\n\n<p>Den 19., 20. an 21. M\u00e4erz <strong>2015<\/strong> war nees e Krimi-Dinner um Programm. \u201eMord op Ordonnance\u201c vum Christiane Kremer an d\u2019Jos\u00e9e Thillmany huet Regie gefouert. Mee de Mord ass net an Atert geschitt, d\u2019B\u00fcn war an der Scheier vum Gr\u00e9iwelshaff. Dee B\u00e9isen huet t\u00ebscht der Brittzopp an dem Prince Orloff zougeschloen, ma et huet bis zum Dessert gedauert \u00e9iert de M\u00e4erder fonnt gouf. Dat selwecht St\u00e9ck, awer mat engem anere Menu, kruten d\u2019Leit vu Sandweiler eng Woch drop zerw\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>\u201eOro\u201c war den 2. Musical mat deem eisen Nowuess an der Arca nees op de Brieder stoung. \u201eAlles Rosa\u201c war de Motto vum Kabar\u00e4 am November wou mer de Publikum an 3 Owender \u00ebnnerdaach kruten. &nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>\u201e14 Deeg Luxus\u201c&nbsp; am 5 St\u00e4ren-Hotel an Atert war eist Kom\u00e9idist\u00e9ck am Fr\u00e9ijoer <strong>2016<\/strong> an am Hierscht de Kanner-Musical \u201eKamellen\u201c nees an der Arca, wou d\u00e9i Woch drop \u201egebl\u00ebtzt\u201c gouf beim Kabar\u00e4 \u201e Eemol laache wanschgelift\u201c.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Am Zeeche vum T\u00e9l\u00e9vie stoung de 24. bis 26. M\u00e4erz <strong>2017<\/strong> eist Theaterst\u00e9ck \u201eAlles gestrach\u201c&nbsp; an Atert mat gutt 250 Leit. Nei bei eis an der Regie: d\u2019Jos\u00e9e Thillmany. Nei war och eis Ouschteree\u00ebrsich fir Kanner op der Duerfwiss.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p>Den 18. Juli war mol er\u00ebm eng ausseruerdentlech Generalversammlung; net w\u00e9inst Problemer, mee just fir d\u2019Stauten op de Leescht ze huelen, a vun do u leeft de Ver\u00e4i ganz offiziell als a.s.b.l.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Lidd \u201eSch\u00e9in ass et am Gemengerot\u201c war eise B\u00e4itrag bei der Ovatioun vum neie Gemengerot, \u00e9iert et un de Musical Kalabati gaang ass, dee m\u00e9i w\u00e9i 700 Leit an d\u2019Arca gelackelt hat. \u201eLet\u2019s Make It Fluppen\u201c, ganz am Zeeche vum Nation Branding, war dann den Titel vum Cabar\u00e4 am deem Joer a mir krute gutt 500 Spectateuren an d\u2019Arca. En Erzielowend mat Fraegeschichten aus der ganzer Welt, \u201eWeibereien\u201c&nbsp; mam Betsy Dentzer plus musikalesch Begleedung&nbsp; huet dat Joer ofgeschloss.<\/p>\n\n\n\n<p>Vum 9. bis den 11. M\u00e4erz <strong>2018<\/strong> hu mer eise Publikum mam \u201eplakege F\u00ebnsterbotzer\u201c ames\u00e9iert.&nbsp;Groussen Erfolleg am November nees fir de Kanner-Musical \u201eAlby Airlines\u201c, wou d\u2019B\u00fcnebauer awer mat der Rak\u00e9itentechnik un hir Grenze gestouss sinn. Vill manner Opwand war d\u00e9i Woch drop beim Kabar\u00e4 \u201eBekenn Faarf\u201c gefrot.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>D\u2019Regie vu bal alle Kabar\u00e4s-Programmer an en etlechen Theaterst\u00e9cker gouf vun Aktiven aus dem Club gefouert, esouw\u00e4it w\u00e9i hei net e Regisseur genannt ass. Dat waren an deene leschte 25 Joer de Marc Fonck, Nico Bemtgen, Marc Maas, Claude Hermes, Josiane Schmit, Claude Stephany, Christine Hermes.<\/p>\n\n\n\n<p>Gl\u00e4ich am Ufank vum Joer <strong>2019<\/strong> hu Mady Durer, Monique Melsen a Marcel Heintz mat \u201eEndlech Alaska\u201c vum J. Schiltz iwwerzeegt, \u00e9iert mer am M\u00e4erz \u201eStress am Schampes-Express\u201c haten. E flotte Spektakel am Zuch op der B\u00fcn, \u00ebnnert der Regie vum Guy Geimer.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>D\u00e9i \u00e9ischt Actricen, d\u00e9i aus eisem Kanner-Musical erausgewuess waren, hunn am \u201eFluch a Flilleken\u201c&nbsp; d\u2019Drogeproblematik an de M\u00ebttelpunkt gesat. E St\u00e9ck&nbsp; fir Jonker a mat Jonken, wat awer leider weder genuch jonk, nach genuch eeler Zuschauer bruecht huet.<\/p>\n\n\n\n<p>\u201eAutopsy\u201c e S\u00e9ilestriptease vum Jemp Schuster, gespillt vum Mich\u00e8le Turpel huet&nbsp; an der Arca d\u2019 Leit iwwerzeegt. &#8211; Nom Trainingslager op der Schi-Pist zu Neuss war de Kam\u00e9idi er\u00ebm fit fir den n\u00e4chste Musical \u201eT\u00ebnteninsel\u201c a fir s\u00e4i Kabar\u00e4s-Programm \u201eden Dag dono&#8230;\u201c<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>\u201eE Mann g\u00ebtt geckeg\u201c,&nbsp; nees en Theaterst\u00e9ck vum Roby Zenner,&nbsp; \u00ebnnert der Regie vum&nbsp;Guy Geimer war fir den 20. bis 22. M\u00e4erz&nbsp;<strong>2020 <\/strong>an Atert ugesot an d\u2019Prouwe ware gutt amgaang &#8230;. mee du koum Corona &#8230;&#8230;.. an alles gouf ofgesot!<\/p>\n\n\n\n<p>Lues a lues huet d\u2019Welt sech er\u00ebm erholl an er\u00e9ischt nom Ausflug op Br\u00e9issel hu mer eis am Hierscht <strong>2021<\/strong> getraut eng Stonn Kabar\u00e4-Come-Back z\u2019organis\u00e9ieren: \u201e3G &#8211; Gegrinst, Gelaacht, Gegr\u00f6\u00f6lt\u201c housch de Mini-Programm a mir hunn n\u00ebmmen 10 \u20ac Entr\u00e9e gefrot.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>E kuerzen Optr\u00ebtt <strong>2022<\/strong> bei der Ovatioun fir en Deel vum neie Conseil, wou e Polit-Karussell gedr\u00e9int huet. Dat Karussell gouf fir de Kabar\u00e4 am Hierscht dann ausgebaut an \u201eet dr\u00e9int op der Duerfwiss\u201c. D\u00e9i Woch virdrun awer schonn traditionell, eise Musical \u201eKumba Mali\u201c fir d\u00e9i J\u00e9ngst. Op eisem Ausflug si mer zesummen D\u00f6schevo duerch Lille gefuer.<\/p>\n\n\n\n<p>W\u00e9i vill Ver\u00e4iner hat och de Kam\u00e9idi <strong>2023<\/strong> seng M\u00e9i fir no der Pandemie er\u00ebm an den ale Rhythmus ze fannen. Et war jo esou kamoud ginn, ouni Prouwen a virum 50. Gebuertsdag war de Kam\u00e9idi nach \u00ebmmer net er\u00ebm \u201edeen Alen\u201c. Mat Liesunge vum Marc Weydert a L\u00ebtzebuerger Lidder, gesonge vun enger gudder Hand voll Acteure vum Kam\u00e9idi koum de Programm \u201eVerdruddeltes an Zerknujeltes\u201c zustanen. Mat L\u00ebtzebuerger Spezialit\u00e9iten ew\u00e9i Bouneschlupp, Kniddelen, W\u00e4inzoossiss a Quetschentaart konnte mer awer en Deel vun eisem Publikum zr\u00e9ck gewannen an der Scheier um Gr\u00e9iwelshaff an och an enger 2. Editioun zu Contern.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p>Esouw\u00e4it d\u2019Opzielunge vun eise Produktiounen, Aktivit\u00e9iten an Invitatiounen. De Gros ass derb\u00e4i, mee et ass s\u00e9cher net komplett. Hei an do feelt emol e klengen Optr\u00ebtt oder eng Invitatioun, well s\u2019et einfach net bis an de Classeur vum Archiv gepackt hunn oder mat ale Requisiten an de Recycling gefouert goufen.<\/p>\n\n\n\n<p>Schonn um Enn vum Joer bis an d\u00ebst Jubil\u00e4umsjoer 2024 eran, hunn d\u00e9i Responsabel sech mat engem Organisatiounscomit\u00e9 verst\u00e4erkt fir d\u2019Feierlechkeete vum 50. z\u2019organis\u00e9ieren. Hei an der Brochure f\u00ebnnt een dann och den detaill\u00e9ierte Programm vum Anniversaire a wat esou gebuede g\u00ebtt a mat deenen Highlights w\u00e4ert dann 2049 d\u2019Chronik fir de 75. Gebuertsdag uf\u00e4nken.<\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Ver\u00e4ins-Chronik vum Bartrenger Kam\u00e9idi D\u00e9i, di de Ver\u00e4in gegr\u00ebnnt hunn, haten deemols wuel alles am Kapp, awer et huet keen un de Chronist geduecht, soss h\u00e4tten s\u2019op d\u2019mannst de Gebuertsdatum &#8230;<\/p>\n","protected":false},"author":1,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"_price":"","_stock":"","_tribe_ticket_header":"","_tribe_default_ticket_provider":"","_tribe_ticket_capacity":"0","_ticket_start_date":"","_ticket_end_date":"","_tribe_ticket_show_description":"","_tribe_ticket_show_not_going":false,"_tribe_ticket_use_global_stock":"","_tribe_ticket_global_stock_level":"","_global_stock_mode":"","_global_stock_cap":"","_tribe_rsvp_for_event":"","_tribe_ticket_going_count":"","_tribe_ticket_not_going_count":"","_tribe_tickets_list":"[]","_tribe_ticket_has_attendee_info_fields":false,"footnotes":"","_tec_slr_enabled":"","_tec_slr_layout":""},"class_list":["post-2260","page","type-page","status-publish","hentry"],"ticketed":false,"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2260","targetHints":{"allow":["GET"]}}],"collection":[{"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/users\/1"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/comments?post=2260"}],"version-history":[{"count":4,"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2260\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":2280,"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/pages\/2260\/revisions\/2280"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/www.kameidi.lu\/index.php\/wp-json\/wp\/v2\/media?parent=2260"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}