Lade Events

« Alle Events

  • Diese event hat bereits stattgefunden.

Kannermusical 2022: Kumba Mali

17/11/2022 @ 16:00 - 20/11/2022 @ 20:00

E Kannermusical vum Liane Nimax a Max Fischbach, gespillt vum Kannerensemble vum Bartrenger Kaméidi.

Zu Gonnereng am Zirkus Savanna geet alles schif. Den Elefant Kumba an de Clown Marcello si verschwonnen. Si hunn sech ewech gemaach a sinn ënnerwee an de Mali an Afrika. Den Elefant Kumba géif gären zréck goen a säin Heemechtsland bei säi Frënd, de Badu.

Voller Opreegung rennen den Zirkusdirekter an den Zauberer bei de Jimmy Schnoffler an de Camille Driipsert, déi zwee Kommissäre vu Gonnereng. Déi setzen sech an fir de Clown an den Elefant Kumba erëm ze fannen. Datt dat net esou einfach geet, dat kënnt dir iech jo denken.

Am Mali ass de Badu ganz verdrësslech, well déi Leit vum Zirkus him säi Frënd, den Elefant Kumba, wech geholl hunn. Dem Badu seng Elteren si gestuerwen an hie lieft bei senger Stéifmamm an hirem Jong, dem Jaro. De Badu muss de ganzen Dag schaffen a kritt net vill z’iessen.

Enges Daags versprécht de Voodoo him, datt lauter Wonnerbeem voller Iesse géife ronderëm hie wuessen, da bréicht hien ni méi Honger ze leiden.

Op der Rees dorower an Afrika stoussen de Clown an den Elefant Kumba op allerhand Schwieregkeeten. Natierlech sinn de Jimmy an de Camille hinnen op der Spuer.

Méi wëlle mer elo op dëser Plaz net verroden. Loosst iech einfach iwwerraschen.

 

GESPILLT GËTT:

Donneschdes, de 17. NOVEMBER 2022 >> 16.00 Auer

Freides, de 18. NOVEMBER 2022 >> 19.00 Auer

Samschdes, de 19. NOVEMBER 2022 >> 16.00 Auer an 19.00 Auer

Sonndes, de 20. NOVEMBER 2022 >> 10.30 Auer an 15 Auer

 

 

Billetterie Weezevent

 

Details

Beginn:
17/11/2022 @ 16:00
Ende:
20/11/2022 @ 20:00
Kategorie:

Organiser

Bartrenger Kaméidi
Telefon:
(+352) 621 626 132
E-Mail:
info@kameidi.lu
Organiser-Website anzeigen

Standort

ARCA Bartreng
17 rue Atert
BERTRANGE, Luxemburg Luxembourg
Google Karte anzeigen
Location-Website anzeigen