Loading Events

Bestued mat enger arroganter Fra, déi den Hals net séier genuch voll kritt, eng liicht verréckt Duechter an e latzegen Job: am Fong hätt de Charel, Chef-Schantgen op der Gemeng zu Meesbech, genuch um Hals, mee da kënnt ganz onerwaart e Skandal dee sech Gewäsch huet an dreet dem Charel seng Existenz futti ze man! Mee kee Wonner: De Charel huet sech fir d’Baugenehmegung vun engem Puff bestieche gelooss! Wann et drop an drunn ass un d’Liicht ze kommen, datt de Charel regelméisseg an deem Milieu opkräizt, stellt hie sech einfach verréckt! Mat der Hëllef vun sengem beschte Frënd Richard an engem Kolleg, engem verkraachte Versecherungsagent, probéiert hien aus där Nummer eraus ze kommen. Wann dann awer seng Fra säi beschte Frënd emgaachelt a säi Kolleg sech mat senger Duechter duerch d’Bascht mecht, eng besiesse Lokaljournalistin net labber léisst an zu gudder Lescht eng Bekanntschaft aus dem Puff op der viischter Dir steet, da riskéiert den Deckel vum Dëppen ze fléien….!

Originaltitel: “Ein Mann spielt verrückt”, vum Winnie Abel, iwwersaat vum Roby Zenner.

De Kaméidi spillt dëst Stéck ënnert der Regie vum Guy Geimer.

Freideg, 20. Mäerz 2020: 20.00 Auer.
Samschdeg, 21. Mäerz 2020 :20.00 Auer.
Sonndeg, 22. Mäerz 2020 :17.00 Auer.

 

                                       Hei geet et bei d’Tickets